3. Plaz nom läschte Championnatsmatch!


22 May 2017

Um leschten Match vun der Saison mussen d’Berbuerger Jongen nach eng Défaite astiechen, dëst Auswäerts géint Remich-Bous



Viru villen Berbuerger Supporter hunn déi Berbuerger gutt an de Match fonnt a konnten an der 14. Minutt duerch en Goal vum Laouira an Féierung goen, nodeems de Boussi iwer riets duerchgeet an propper an d’Mëtt gëtt! De Laouira muss de Ball just nach iwert d’Linn drecken



D’Freed hällt leider net laang un, wëll déi Réimëcher gleichen no engem Wäitschoss aus gutt 30 Meter an der 16. Minutt aus! Domat net genuch, leescht eisen Keeper sech an der 29.Minutt e katastrophalen Feeler an eis Jongen leien mat 2:1 hannen! De Schock sëtzt déif an d’Nervositéit ass ze erkennen, an éiert d’Jongen erëm kënnen an de Match fannen, huet d’Heemequipe nëmmen 3 Minuten drop duerch e schéine Lupfer de Stand op 3:1 erhéicht



Kuerz virun der Halbzeit verkierzen mer op 3 :2 nodeems de Boussi rëm vun der Säit eraleet an de Laouira neess richteg steet



Nom Téi sinn eis Jongen vill méi präsent an drécken op den 3:3, awer ouni Erfolleg! An der 59.Minutt trëfft de Boussi nô engen Handeelëfmeter just d’Laat an nëmmen eng Minutt drop hunn déi Berbuerger eng Duebelchance wou den Leconte an de Wagner Laat,, respektiv Potto treffen



Och an der 70.Minutt gin eis Jongen nët belount, well den Boussi rëm just Aluminium trefft



An der 81.Minutt kréien déi Berbuerger dann zu Recht en Eelëfmeter géint sech gepaff, deen déi Remicher souveräen erasetzen! Domat ass de Match gelaaf, och wann den Laouira kurz viru Schluss duerch en Elefmeter op 4:3 zum Endscore trëfft



Domat ass d’Saison 2016/2017 eriwer, an den FC Berdenia Berbuerg schléisst op enger gudder 3. Plaatz of. Mir freeën eis alleguer op d’Saison 2017/2018.



Merci un all dei trei Supporter, dei eis nët nëmmen doheem mee och Auswäerts ëmmer zahlreich ennerstëtzt hunn.



Equipe: Lima, Weidert, Blau, Kaufmann, Dos Santos, Petry, Da Luz, Wagner, Boussi, Schuster, Laouira

Reserve: Schranz, Leconte, Sauber, Benner