3 Ofgäng an 2 Verlängerungen


13 June 2018

Wéi scho méi laang bekannt ass, wäert eisen Top Scorer eis dëse Summer verloossen. Mat séngen 20 Goaler war de Rayane Laouira natierlech e wichteg Element am Berbourger Spill an huet doduerch och eng Reih Opmierksamkeet op sech gezunn. Zu Jonglënster kann hien sech dann d'nächst Joer an der Eirepromotioun als Goalgetter beweisen.

Och en Niveau méi héich wäert de Pit Wagner d'nächst Joer säi Gléck probéieren. No enger laangwiereger Verletzungsgeschicht, hat hien sech rem zréck an d'Equipe gekämpft an desöfteren séng fein Technik wéi och séng faszinant Agilitéit ënner Beweis gestallt. Hien wiesselt bei den Noper Union Mertert-Wasserbillig an d'Eirepromotioun.

Desweideren verléisst eis och de Suvad Spahic. No ufänglechen Startschwieregkeeten huet hien sech emmer besser an de Rythmus an an d'Equipe erafonnt. Allerdéngs leeft säin temporairen Transfert aus, sou dass hien nächst Saison net méi wäert am orangen Trikot spillen.
 
Op der aanerer Säit hunn awer och zwee Stammspiller fir déi kommend 3 Joer zu Berbourg ënnerschriwwen. De Joé Reuter am Goal an de Flügelflitzer Eric Galetto. Mir si frou dass sie eis erhale bleiwen well dëst och wichteg fir d'Kontinuitéit an der Equipe ass.