2x0 + 1 = 4


07 March 2022

FC Berdenia Berbourg - FC Atert Bissen 0-0
 
0 Goaler = 1 Punkt = Plaz 4
 
An der éischter Halschent war et en ausgeglachene Match mat wéineg Strofraumszenen. Bissen hat zwou, dräi Chancen wou um zweete Potto awer keen de Ball verwäerte konnt. Déi Berbuerger hunn op der aanerer Säit och net vill op d'Reih bruecht, déi beschte Geleegenheet war nach kuerz virun der Paus eng gudd Pass an d'Mëtt vum aktiven Daniel Contrino déi de Georgy Courbera um zweete Potto knapp verpasst.
 
Déi zweet Halschent hate mer dunn awer d'Gäscht am Grëff a mir hunn si an hier eegen Halschent gedréckt. Et gouf awer kee richteg Duerchkommen, entweder ze harmlos Oofschlëss oder net déi néideg Réuissite virum Goal a sou bleift et um Enn beim 0-0 Gläichspill. Wëll déi aaner Equippen aus der ieweschter Tabellenhalschent awer och nëmme wéineg oder guer net punkte konnten, erlaabt dëse Pinktchen eis fir ëm eng Plaz an der Tabell no uewen ze réckelen an domat op eng Barrageplaz ze sprangen. Eng flott - net onverdéngte - Momentopnahm fir eise Veräin. 
 
E Freideg geet et fir eis zweet Equipe ëm nët manner wéi de wichtegste Match vum Joer. Am Derby zu Biwer zielen nëmmen 3 Punkten!

Nächste Sonndeg steet och e wichtegen Derby fir eis éischt Equipe um Programm, an zwar auswäerts zu Jonglënster déi mir dës Woch an der Tabell konnten iwwerhuelen a vun der 4. Plaz verdréckt hunn.
 
Kommt eis Equippen ënnerstëtzen a reservéiert och elo schonn ären Dësch fir eis Wies'n-Fest den 2. Abrëll. Prosit!
 
#MIRsiBERBUERG