2.250 Euro fir d'SOS Kannerduerf


21 June 2019

En Donneschdeg virum Optrëtt vun den RTL Déckkäpp huet den FC Berdenia Berbourg e virtuelle Chèque an Héicht vun 2.250 Euro un d'SOS Kannerduerf Lëtzebuerg iwwerreecht.

D'Madame Alexandra Helminger vum SOS Kannerduerf, déi dësen Don entgéint geholl huet, huet sech häerzlech bedankt an ass kuerz op hier Aktivitéiten agaangen déi zum Deel dovun finanzéiert ginn.

Hannergrond vun dësem Don war eise Koubingo "Berbuerger Duerfbeschass" virum leschte Championnatsmatch am Mee. D'Gewënnerfeld, also do wou d'Kou schlussendlech hiere Flapp gemaach huet, war net reservéiert sou dass den Haaptpräiss net konnt ausgeschott ginn. Aus dësem Grond huet de Veräin décidéiert dëse Montant integral fir de gudden Zweck ze spenden.

Den FC Berdenia Berbourg ass frou fir sou de betraffene Kanner e bëssen ënnert d'Äerm gräifen ze kennen.