1948-2023: 75 Joer FC Berdenia Berbourg


10 February 2023

1948 gegrënnt, feiert den FC Berdenia Berbourg dëst Joer säi 75. Anniversaire!
 
En eegens dofir gegrënnten Organisatiounscomité huet e flotte Programm fir d'Feierlegkeeten op d'Been gestallt an och déi eng oder aaner flott Idee an d'Realitéit ëmgesat.
 
Sou wäert zum Beispill eng nei Skulptur mat engem Bärekapp fir den Oofschloss vun de Festivitéiten d'Tribün vun eisem Stade Renert, aka. Street Wheels Arena, beräicheren. Och fir den Oofschloss vum Joer wäert eng flott Fotobroschür erauskommen.
 
Niewt eisen traditionnellen Evenementer gëtt mat der Semaine Sportive Jeunes an der Coupe de l'Est fir Seniors net nëmmen Sportleches gebueden, mee et gëtt och rëm en décke Bal wéi fréiher am Beaurepaire - THE PLACE TO BE - elo schonn den 10. Juni 2023 viirmierken. De Viirverkaf start an den nächsten Deeg!
 
Natierlech kënnt Dir, op Privatpersoun, Bertrieb oder Veräin, Iech och finanziell um Gebuertsdag bedeelegen. De Veräin an den Organisatiounscomité soen elo schonn en décke Merci fir är Ënnerstëtzung! 
 
Alleguer d'Detailer zum Programm an de Sponsorformulen fannt Dir wéi gewinnt op eiser Homepage (FC Berdenia Berbourg - 75 Joer).
 
Mir freeën eis op e flott Joer mat villen Aktiounen a Festivitéiten an hoffen Iech zahlreich op sou munchem Event begréissen ze kënnen!
 
#MIRsi75joerBERBUERG