SENIORS 1: Kee Punkt zu Weiler


21 September 2020

FC Yellow Boys Weiler-la-Tour - FC Berdenia Berbourg 3-1

Knapps am Match a schonn hate mer Dusel. De Weiler Stiermer geet direkt an der 1. Minutt alleng op de Goal mee trëfft nëmmen de Potto. Knapp 2 Minutten drop e stramme Waïtschoss dee vun eisem Keeper Vincent Sauber ka paréiert ginn. A sou geet et virun. Déi éischt Véirelsstonn vum Match ka Berbuerg glécklech ouni Géigegoal iwwerstoen. Duerno komme mer awer besser an de Match. Sou hunn ënner aanerem de Lucas Jakob, de Jakub Jarecki an den Achmed Boussi gutt Geleegenheete virum Goal, mee si kënnen de Ball net am Filet ënnerbréngen. An der 27. Minutt ass et den Achmed Boussi deen alleng op de Goal geet an den 0-1 fir déi Orange markéieren kann. 5 Minutte méi spéit kënnt Weiler och zu sengem Goal, dee gëtt awer wéinst Abseits net unerkannt. Kuerz virun der Paus sollt dann awer nach den 1-1 faalen.

No der Halbzeit komme mir rëm net gutt an de Match a sou ka Weiler de Match dréihen an an der 50. Minutt den 2-1 Féirungstreffer maachen. Nodeems Weiler rëm déi éischt 15-20 Minutten déi besser Equipe war, huet sech de Match duerno neutraliséiert ouni vill Goalchancen op béide Säiten. Zum Schluss hinn konnten d'Bären awer keen Drock méi opbauen fir nach eng Kéier un den Ausgläich drunzekommen, sou dass mer eis mam Schlusspëff och nach den 3-1 afänken.

Schued fir d'Resultat, gréisstendeels e Match op Aaenhéicht wou eventuell méi dra gewiescht wier. Weider geet et!

Mir si Berbuerg!