SENIORS 1: Éischten 3er an der Promotioun


14 September 2020

FC Berdenia Berbourg - US Rumelange 5-2

De Geigner e Sonnden war d’US Rumelange, dei och definitiv besser an de Match komm sin. No zwou gudden Chancen, dei net konnten eeransetzen, hun se awer beim dretten Versuch an der 5. Minutt propper zum 0-1 markeiert. Eis Berbuerger Jongen hun daat net gudd verkraaft an duerch en identeschen Spillzuch an der 12. Minutt den 0-2 kasseiert. US Rumelange huet dann e besschen mei reoueg ungoen geloss, waat hinnen dann zum Verhaengnis gin ass. Eng ganz gudd Chance an der 35. Minutt vum Jarecki konnt den Keeper mat enger Glanzparad nach haalen, mee an der 43. Minutt hat de Goalkipp vun Rumelange keng Chance de Schoss vum Boussi ze haalen.

No der Halbzeit huet et ausgesin wei wann d’US Rumelange rem geing besser an de Match kommen, mee gin dann duerch en scheinen Konter iwwerrascht. Den N. Jakob scheisst den 2-2 fir Berbuerg. Rumelange huet ab dem Moment komplett de Fuedem verluer an Berbuerg spilt en super Match. An der 72. Minutt ass et dann rem den N. Jakob, deen mat sengem 2. Goal de Match dreit an zum 3-2 eransetzt. Domat net genuch, kann den agewiesselten Contrino, deen iwwer lenks an de Stroofraum eranzeit, an der 80. Minutt op 4-2 erheeichen. De Schlusspunkt setzt den Jarecki an der 90. Minutt mam 5-2.

Domat huelen d’Bären den eischten 3er an der Eirenpromotioun.

Mir si Berbuerg!