Seniors 1: Mir bleiwen um Spëtzentrio drun


25 November 2019

FC Berdenia Berbourg - Union Remich/Bous 2-0

Mam 4. géint de 5., béid Equippen punktgläich, haat de Match um Pabéier u sech eng gewësse Spannung versprach. Allerdéngs ass déi éischt Halschent op engem schwéier bespillbaren "Josy-Barthel-ähnlechen" Terrain net vill zesummegelaaf an et war domat och zimmlech ereignislos. Déi eenzeg Aktioun déi et ze erwähnen gëtt ass leider keng schéin. An der 10. Minutt huet de Verteideger vu Remich/Bous sech an engem éischter harmlosen Zweekampf verletzt an huet missen mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht ginn. Op dëser Plaz wënschen mir him vill Courage an eng gutt Besserung.

Besserung war no der Paus och um Terrain a Siicht. Berbuerg ass wéi sou oft ganz aanescht an de Match komm. Direkt nom Upëff setzt den Hideyuki Kawamura e Schoss op de Potto. Déi Orange hunn lo d'Uewerhand an erspillen sech eng ganz Reih Chancen, déi awer nach net zwéngend sinn. De Moritz Habscheid zéiht an der 58. Minutt aus knapp 30 Meter of, an de Ball geet nëmme knapp laanscht de Potto. An der 65. Minutt ass et dann awer sou wäit. Den Hideyuki Kawamura spillt eng super Pass op der lénkser Säit an de Laf vum Rayan Rafdy. Deen geet op d'Linn an huet en Aa fir den Achmed Boussi um 16er, dee sech de Ball zurechtleet a mat engem platzéierte Schoss zum 1-0 fir déi Orange erasetzt. Den 2-0 kënnt och vum Achmed Boussi, dës Kéier setzt hien sech alléng op riets duerch a vollstreckt seng Aktioun quasi mam Schlusspëff mat sengem zweete Goal. 2-0 war deemno och den Endstand sou dass mir Remich/Bous elo liicht écartéiert hunn a mat 23 Punkten alléng hannert dem Spëtzentrio stinn.

De leschte Match vun der Hironn ass nächste Sonndeg am Stade Renert géint den FC Syra Mensdorf, déi momentant mat 5 Punkten op der zweetleschter Plaz stinn.
Schonn e Freideg ass de groussen Showdown, mam Derby an Topmatch 1. géint den 2., wou eis zweet Equipe zu Biwer spillt. Kommt eis Jongen zahlreich an Orange-Schwaarz ënnerstëtzen. Ustouss ass um 20h00.

Mir si Berbuerg!