Seniors 1: Pflicht erfëllt, Plaz 4 geséchert


04 November 2019

FC Berdenia Berbourg - Red Black Egalité Pfaffenthal-Weimerskirch 3-0

Um Sonndeg hu mir den Drëttleschten aus der Tabell am Stade Renert empfaang, an engem Match an deem eis Equipe sénger Favoriteroll och sollt gerecht ginn. Déi éischt gutt Geleegenheet war allerdéngs fir de Pafendall, déi direkt an der 2. Minutt vun eisem Keeper Luc Cattazzo gutt paréiert gëtt. Ansonsten ass et eng éischter schwaach Ufanksphase vu béiden Equippen. No 20 Minutten gëtt et dann och déi éischte Chance fir den Hideyuki Kawamura op Berbuerger Säit, nach ouni Succès. Am zweeten Ulaf geléngt deem selweschten Hideyuki Kawamura den 1-0 fir déi Orange, dëst awer schonn an der 34. Minutt mat engem Schoss aus 18 Meter flaach an den Eck. Kuerz virun der Paus gëtt et nach eng 100%eg Chance fir de Ren Anda, 5 Meter virum Goal setzt hien de Ball no enger gudder Flank vum Moritz Habscheid iwwert d'Lat. No der Paus léisst Berbuerg näischt méi ubrennen a kann zweemol duerch de Ren Anda erhéichen, an der 50. Minutt op 2-0 an op 3-0 an der 71. Minutt. Mat dëser verdéngter Victoire kënne mir déi 4. Plaz an der Tabell festegen, nach ëmmer punktgläich mam CS Sanem.

Mir si Berbuerg!