Seniors 1: Kloer Victoire beim Opsteiger


28 October 2019

FC Résidence Walferdange - FC Berdenia Berbourg 0-6

Um verreente Sonndeg si mir fir den Duell mam Opsteiger op Walfer gefuer. D'Rollen waren u sech kloer verdeelt, a Berbourg huet sech och net iwwerrasche geloooss. Déi Orange leen direkt gutt lass a ginn an der 11. Minutt mat 0-1 a Féirung. De Ren Anda kann säin ofgefälschte Schoss aus gutt 10 Meter an de Filet setzen, nodeems säi Landsmann Hideyuki Kawamura sech iwwer lénks duerchgesat hat an de Ball an d'Mëtt gepasst huet. Am Géigenzuch huet Walfer séng éischte Chance mee eise Keeper Luc Cattazzoo kann de Schoss gutt paréieren. Nëmmen zwou Minutten méi spéit kënnen déi Orange nach eng Kéier jubelen. Den Hideyuki Kawamura setzt sech op eneits iwwer lénks duerch, sicht den Ofschloss dës Kéier awer selwer a setzt de Ball flaach ënnen an de laangen Eck eran. Den 0-3 fällt an der 24. Minutt, erëm duerch den aktiven Hideyuki Kawamura. Den 0-4 fällt an der 32. Minutt, dës Kéier ass et den Suvad Spahic mam Kapp. Kuerz virun der Paus mecht den Hideyuki Kawamura mam 0-5 säin drëtte perséinleche Goal am Match mat enger Kopie vum 0-2. Mat engem komfortablen Viirsprong schalt Berbuerg no der Paus ee Gang zréck a verwalt de Match. Doduerch ass d'Spill méi ausgeglach an et ginn geleegentlech Chancen op béide Säiten. Et passéiert awer net méi vill a sou setzt de Steven Baskewitch an der 90. Minutt de Schlusspunkt an d'Endresultat op e kloren 0-6 fir eis Faarwen. Domat klettere mir op Plaz 4 an der Tabell, punktgläich mam 5. Union Remich/Bous a mam 6. CS Sanem. Mir si Berbuerg!