Seniors 1: E wichtegen Auswäertspunkt


14 October 2019

SC Bettembourg - FC Berdenia Berbourg 1-1
 
Op engem sonnege Sonnden haat et de Weekend leider just weineg Berbuerger Zuschauer op Bettembourg gezunn. Déi, an eis Berbuerger Bären stoungen enger jonker a schneller Equipp (Duerchschnettsalter vu knapp 26 Joer) an enger grousser Unzuel u Bettembourger Fans geintiwwer.

An der Partie ass et vun Ufank un mat schnellem Tempo a beid Richtungen gaang, mat diverse Goalchancen op beiden Seiten. Et sollten an der 8. Minutt awer die Bettembourger sinn dei mat 1-0 an Feirung ginn. Durch eng propper rausgespillte Chance war et den Nummer 7 Yousfi dee konnt markeiren. Di Berbuerger hunn awer net de Kapp hänke gelooss an hätten an der 14. Minutt och den Uschlosstreffer erzielt, dësen gouf awer richtergerweis vum Arbiter als Abseits gewärt. Am Verlaf vun der 1.Halbzeit sollt et dynamesch a beid Richtungen weider goen. Di meescht Aktiounen sinn iwwer di béid Banden gaangen, waat och wärend dem Match zu villen Awerf souwei Corneren op béide Säite gefouert huet.

Nom Pausentéi goung d'Partie dann ähnlech weider. Emmer rëm war et de Bettembourger Nummer 7 Yousfi deen sech Chancen konnt raus spillen, deen awer un enger gudder Verteidegung vun aanerem dem Berbuerger Leandro Lopes souwei eisem Keeper Vincent Sauber gescheitert ass. An der 63. Minutt war et awer dunn rëm de Berbuerger Ren Anda deen no enger Viirlaach vum Hideyuki Kawamura konnt zum 1-1 ausgläichen. Secherlech e verdéngten Spillstand fir beid Equippen dee Moment. 5 Minutten speider koum et zu engem klengen Schockmoment wie den Arbiter op den Eelefmeterpunkt gewisen huet no engem teschnesche Foul um Bettembourger Spiller. Ulaaf - Schoss - Poteau - et bleift weider beim 1-1. Di Berbuerger si weider am Match bliwwen. Et konnt een awer kloer beid Equippen deen intensiven a schnellen Match ugesinn. An der 70. – 85. Minutt waren et die Bettembourger di e bessen mei Drock gemaach hunn. Duerno ass Partie roueg zum verdengten 1-1 op en Enn gaangen.

Eng ganz gudd Leeschtung vun den Berbuerger Bären déi e verdéngte Punkt géint den weiderhinn aktuellen Tabellenzweeten mat Heem bruecht hunn.

An der ganzer Partie koum et och just zu engem Spillerwiessel, deen war an der 74. Minutt op der Bettembourger Säit.
 
Waat een och kloer soen kann, ass dass den Arbiter-Trio aus Däitschland d'Partie wonnerbar geleed huet. Et goufen an der ganzer Partie jeweils just eng Giel Kaart ob beide Seiten. E fairen an intensive Match ob beiden Seiten.
 
Mir si Berbuerg!