Seniors 1: Dräi weider Punkten zu Stengefort


30 September 2019

FC Steinfort - FC Berdenia Berbourg 0-3 

De Match geet direkt gutt lass fir eis Faarwen. No enger Flank vum Achmed Boussi an der 5. Minutt, kann den Daniel Ulbrich de Ball mam Kapp géint d'Lafrichtung vum Keeper zum 0-1 erasetzen. Gestäerkt vun der Féirung, ass Berbuerg an der Ufanksphase kloer besser an dréckt op den zweete Goal. Deen fällt awer réicht kuerz virun der Paus. An der 43. Minutt profitéiert de Ren Anda vun engem krasse Fehler an der géignerescher Ofwier a kann de Keeper mat engem Lob aus knapp 30 Meter iwwerwannen. 0-2 an der Paus. An der zweeter Halschent ginn et manner Aktiounen, Berbuerg geréiert de Match. De Schlusspunkt zum 0-3 setzt de Rayan Rafdy op Viiraarbescht vum Achmed Boussi. Verdéngt huele mer déi 3 Punkten mat Heem, iwwerhuelen domat den FC Steinfort a sti lo op Plaz 5 an der Tabell. Nächste Sonndeg kënnt et zum groussen Derby doheem géint de Klassenprimus vu Gréiwemaacher. Looss se kommen, mir si prett, mir si Berbuerg!!!