Seniors 1 mat enger Optaktnéierlag


26 August 2019

CS Sanem - FC Berdenia Berbourg 3-2

Déi zwou Equippen gi motivéiert an hieren éischte Championnatsmatch a sou ass et och vun Ufank un en intensive Match. Allerdéngs gett et keng richteg Goalchance bis op eng Standardsituatioun vum CS Sanem an der 13. Minutt. Per Fräistouss kënnt de Ball an d’Mëtt wou de géigneresche Stiermer aus 6 Meter zum 1-0 erakäppen kann. Den Ausgläich kënne mer awer an der 24. Minutt bejubelen, wéi eisen Neizougang Hideyuki Kawamura de Keeper mat engem schéine Luper iwwerwënnt. Den 1-1 ass verdéngt zu dësem Zäitpunkt géint e staarke Géigner, wou Berbourg awer och seng Spillundeeler huet. Bis zu der Paus bleift de Match ausgeglach.

Duerno kënnt Suessem awer besser aus der Kabinn a geet och an der 50. Minutt mat 2-1 a Féirung. De Géigner huet méi vum Match an dréckt op eng Viirentscheedung. Berbourg kann  awer geleegentlech a virun allem mat héije Bäll fir Entlaaschtung suergen, allerdéngs ouni Succès. Sou fällt och an der 70. Minutt den 3-1 fir Suessem. Kuerz viru Schluss verkierzt de Moritz Habscheit nach op 3-2 mat engem Wäitschoss aus 25 Meter flaach an den Eck. Et sollt awer net méi duer goen fir e Punkt mat heem ze huelen.

Sou bléift et bei der Optaktnéierlag géint e staarken CS Sanem.

E Mëttwoch geet et direkt weider mat der Coupe FLF géint The Belvaux Belval fir e Sonndeg dann den Avenir Beggen op den éischten Heemmatch zu Berbuerg ze empfänken. Allez Berbuerg!!!