Seniors 1: Schlechte Match ouni Punkt


05 May 2019

FC Berdenia Berbourg - Red Black Egalité Pfaffenthal-Weimerskirch 0-1
 
 An der Ufanksphase haten eis Gäscht aus dem Pafendall méi vum Match. No enger Véirelsstonn haten sie schonn 5 Korneren, awer ouni richteg geféierlech ze ginn. De Rescht vun der éischter Halschent bleift onspektakulär, meeschtens an der Mëtt vum Terrain ouni vill offensiv Aktiounenen op béide Säiten.
 
No der Paus mierkt een bei deenen Orangen dass de Wëllen do ass, eng Reih Kombinatiounen klappen, awer vill Saachen och net. Op béide Säiten bleift et awer gréisstendeels ongeféierlech, bis op déi 76. Minutt, wou den entscheedenden Treffer fir de Pafendall fällt. Berbuerg bréngt et duerno net méi färdeg fir nach e Punkt ze huelen a sou geet et leider no engem insgesamt ganz ganz schwaache Match mat enger verdéngter Néierlag fir Berbuerg op en Enn.
 
Weider geet er Berdenia !!!