Seniors 1: Halleffinal mir kommen


25 April 2019

FC Berdenia Berbourg - FF Norden 02 8-7 n.E.

 Berbourg ass vun Ufanks un staark an de Match gestart an huet och direkt séng zwee Goaler gemaach. De Rayan Rafdy bréngt déi Orange an der 11. Minutt a Féirung, an den Daniel Contrino kann an der 26. Minutt op 2-0 erhéichen. Den Norden war allerdégns och net ongeféierlech, mat ënner aanerem engem Schoss op de Potto an zweemol knapp iwwert d'Gehäis vum Joé Reuter. Kuerz virun der Paus fällt dann logescherweis och den 2-1 Uschlosstreffer, verwandelt duerch de géigneresche Romain Hendrichs no engem Fouleelefmeter an der 43. Minutt.

No der Paus ass den FF Norden 02 kloer déi besser Equipe, Berbuerg huet allerdéngs gutt verteidegt an de Joé Reuter huet e puer exzellent Paraden gemaach. Kuerz viru Schluss dann awer nach den 2-2 Ausgläich, wou bäi engem laange Ball hiere Stiermer Yassine Harbit an der 86. Minutt um zweete Potto kann erakäppen.

Gläichstand no 90 Minutten. Et ass also an d'Verlängerung gaangen. Béid Equipen schonn midd vun engem intensive Match. Déi éischt Halschent huet de Géigner nach d'Iwwerhand, déi zweet Halschent sinn béid Equipen awer stehend K.O. sou dass et an d'Eelefmeterschéissen gaangen ass. Berbuerg behällt e kille Kapp. Eis Penalty-Schützen Tom Maurer, Rayan Rafdy, Steven Baskewitsch, Daniel Benner, Moritz Habscheid an Ibrahim Diop verwandelen ouni Fehlschoss an de Joé Reuter hällt mat enger schéiner Parade d'Victoire fir eis Faarwen fest.

Daat heescht Halleffinal an der Coupe FLF, déi Donneschdes de 16. Mee gespillt gëtt. Als méiglech Géigner bleiwen nach just bekannten Equipen aus dem 2. Bezierk vun der 1. Divisioun: Union 05 Kayl-Tetingen, CS Grevenmacher an Yellow Boys Weiler-la-tour.