Seniors 1: d'Aventure geet weider


04 April 2019

FC Kehlen - FC Berdenia Berbourg 0-1

An engem schweire Match konnt Berbuerg sech mat 1-0 zu Kielen duerchsetzen a steet domadder an der 1/4-Finall vun der Coupe FLF. Kielen war ugangs besser an de Match komm an hat och seng Chancen, Berbuerg hat an der zweeter Halschent méi Chancen a konnt eng dovunner an der 75. Minutt eramaachen, duerch eise Goalgetter Achmed Boussi. Allez Berdenia!!!

Den Tirage vun eisem nächste Géigner ass e Freideg an der Mëttesstonn.