Seniors 1: Berbuerg weider am Flow


01 April 2019

SC Bettembourg - FC Berdenia Berbourg 1-2

Op Bretzelsonndeg hunn eis Jongen bei beschtem Fussballwieder um neien syntheteschen Terrain zu Beetebuerg géint en direkte Verfolger gespillt. Mat enger verletzungsgeplotener Equipe sinn déi Orange an de Match gaangen. Trotzdeem hate mer an der éischter Halschent liicht méi Spillundeeler an engem éier ausgeglachene Match. Den eenzege Goal an der éischter Halschent fällt dann an der 39. Minutt zu eise Gonschten duerch den Ibrahim Diop, an dëst andeems hien de Ball aus kuerzer Distanz mat sengem Bauch/Hëft iwwer d'Linn dréckt.

Déi zweet Halschent ass Berbuerg rëm direkt do a kann an der 54. Minutt op 0-2 per Eelefmeter duerch de Philipp Galle erhéichen. Duerno ass Beetebuerg awer besser am Match, kann bëssen méi Drock opbauen an eis Verteidegung a Bedrängnis bréngen a kënnt och zu där eng oder aanerer gudder Chance. Deemno fällt an der 65. Minutt och den 1-2 Uschlosstreffer. Berbuerg fällt awer net ëm an ënnerhëllt och selwer Viirstéiss an d'Spëtzt déi awer oft ganz onglécklech ofgepaff oder net konsequent ofgeschloss ginn. Um Enn bleift et beim 1-2 fir Berbuerg, a sou huele mir déi 3 Punkten mat Heem. Ze erwähnen bleift nach dass de Moritz Habscheid an der 97. Minutt eng fragwürdeg giel-roud Kaart wéinst "Zäitspill" kritt huet.

E Mëttwoch den Owend geet et mat der 1/8 Finall vun der Coupe FLF weider, géint den FC Kehlen deen aktuell mat 28 Punkten op der 8. Plaz am 1. Bezierk vun der 1. Divisioun steet. Upëff ass um 20h00 zu Kielen. Allez Berdenia!!!