Seniors 1: vom Winde verweht


10 March 2019

 FC Syra Mensdorf - FC Berdenia Berbourg 2-2

 Direkt an der 3. Minutt huet et zu Gonschten vu Menster am Goal gerabbelt. Opwuel Berbuerg u sech gutt ugafaangen huet ass et d'Lokalekipp déi a Féirung geet, an déi och am Uschloss besser mam ville Wand eenz gett. Ausser dem fréihe Goal an 2 Berbuerger Grousschancen duerch de Rayan Rafdy zum Schluss hin presentéiert sech déi éischt Halschent éischter ereignislos, sou dass et mat 1-0 op den Téi gaangen ass.

Berbuerg kënnt, wéi sou oft, besser aus der Kabinn eraus a kann direkt den 1-1 Ausgläichtreffer markéieren duerch en direkt ragedréihtene Korner vum Tom Maurer an der 48. Minutt. Nëmmen e puer Minutte méi speit, an der 53. Minutt, kann den Moritz Habscheid de Match dréihen andeems hien den, zu deem Zäitpunkt verdéngten, 1-2 markéiert. D'Freed war net vu laanger Dauer, wéi Menster an der 65. Minutt den 2-2 Ausgläich mecht. Zum Schluss hinn ass de Match e bessen ofgelflaacht an et sinn eng Reih Fehler op béide Säite gemaach ginn, dem Winde sei Dank.

E windege Punkte huele mer also vu Menster mat, dëst op e Gläichspill hinn waat opgrond vun de Wiederconditiounen wéineg Aussagekraaft huet.