Keng Punkten fir de Réckronnenoptakt


20 February 2019

Yellow Boys Weiler la Tour - FC Berdenia Berbourg 1-0

 An der éischter Halbzeit war et en ausgeglachene Match mat wéineg Geleegenheeten fir béid Equipen. Berbourg stoung déif awer stabil, a Weiler huet ët nët wirklech hikritt fir den Ball virun den Goal ze bréngen. Den decisive Goal vum Match fällt an der 44. Minutt op 11m deen no engem laange Ball aus dem rietse Mettelfeld zu stane komm ass.

An der zweeter Halschent daat selwecht Bild. Berbourg huet die lescht 10 Minutten nach alles no vir geheit, op 3er Ketten ëmgestallt mee leider ass naischt Zwéngendes dobei rauskomm.

1 Punkt wier verdengt gewiecht, mee leider sollt et net duergoen. Positiv war awer dass den Achmed Boussi no laanger Paus rem sain Comeback gefeiert huet