Seniors 1: 3 Punkten fir den Ofschloss


03 December 2018

 FC Berdenia Berbourg - AS Luxembourg Porto 1-0

 Bei onangenehme Wiederconditiounen an op engem déiwen a rutschegen Terrain hunn eis Jongen direkt voll lass geluecht. No 10 Minutten hate mer schon 2 gréisser Chancen wou mer hätte kënnen a Féirung goen. No enger Véirelsstonn hätte mer dann och missen a Féirung goen, dëst no enger präziser Pass vum Kylian Chalumeau vun der lénkser Säit op den zweete Potto wou den Daniel Contrino den eidele Goal nëmmen ëm e puer Zentimeter verfehlt huet. Déi Orange hunn sech awer net ënnerkréien gelooss an hu weider de Match gemaach, géint e Géigner deen vläicht e puer technesch gudd Spiller a sénge Reihen hat, insgesamt awer e Match op kengem gudden Niveau gewisen huet. Och wann de Géigner déi eng oder aner Offensivaktioun hat, sou stoungen mir hannen gutt an hu selwer och ëmmer rëm schéin Aktiounen no viir gehaat, eenzeg an alléng huet eis de Goal gefeelt, sou dass et mat 0-0 an d'Halbzeit gaangen ass. 

Nom Téi daat selwescht Bild, mam Ënnerscheed dass an der 55. Minutt endlech den erléisenden 1-0 fir eis Faarwen gefall ass. Op Viiraarbescht vum Rayan Rafdy, kann de Kylian Chalumeau mat engem platzéierte Schoss an de lénksen Eck de Keeper iwwerwannen. D'Freed war zu deem Moment natierlech rieseg. Duerno wollte mer zwar noleen, mee den Terrain ass duerch de ville Reen ëmmer méi schwéier bespillbar ginn an et huet ee gemierkt dass och d'Been op béide Säiten zum Schluss hinn ëmmer méi schwéier gi sinn sou dass mir de knappen awer verdéngten 1-0 iwwer d'Zäit bruecht hunn. 

Domat sti mer no deenen 13 Matcher vun der Hironn lo mat 19 Punkten op der 6. Plaz zimmlech genau an der Mëtt vun der Tabell: 9 Punkten fort vun der Barrageplaz fir den Opstieg, an och 9 Punkten fort vun der Barrageplaz fir den Ofstieg. Et ass also alles op an nach alles dran. Bravo fir den Effort an d'Entwécklung déi den Trainer Jorge Freitas an d'Spiller zesummen an de leschte Woche gemaach hunn. Weider sou am neie Joer!