Seniors 1: Et wier méi dra gewiescht


26 November 2018

FC Berdenia Berbourg - CS Sanem 1-2

 D'Gäscht vu Suessem waren direkt gutt am Match an hunn domat secherlech och eis Equipe iwwerrascht. Si ware méi aggressiv a méi dynamesch an hunn e gudde Pressing gespillt an eis domat och zu deem eng oder aanere Fehler gedrängt. Sou och an der 5. Minutt, wéi de Steven Baskewitch e Schrëtt ze spéit kënnt an en 11m veruursaacht deen de Géigner dankend unhëllt an zum 0-1 verwandelt. Sichtlech beandrockt, ass et am selweschte Rythmus weider gaangen. Déi Orange konnten sech net befreien, waren ëmmer rëm hannen a Bedrängnis sou dass an der 10. Minutt och direkt nach den 0-2 gefall ass. Réicht ab deem Moment war et e méi ausgeglachene Match, a Berbuerg konnt sech lues a lues och mol no viir spillen. De Berbuerger Hoffnungsschimmer dann an der 35. Minutt, wéi de Kylian Chalumeau den 1-2 Uschlosstreffer gemaach huet, mat engem schéine Schoss vun 13-14 Meter léisst hien dem Keeper keng Chance.

No der Halschent ass et dann nach e puer Minutten op Aaenhéicht weider gaangen, duerno awer, während enger gudder halwer Stonn, huet just nach Berbuerg gespillt. Deels mat richteg schéine Ballstaffetten an och enger Reih grousse Chancen. Berbourg war elo esou iwwerleen dass suguer eis Ofwier sech an der Offensiv mat ageschallt huet, ënner aanerem huet de Charel Weidert ëmmer rem d'Meteren no viir a rëm zréck gemaach. Och eis Mëttelfeldspiller a Stiermer waren aktiv um Ball an oft beim géigneresche Goal ze fannen. E puer mol huet de Suessemer Keeper gerett, e puer mol ass de Ball just knapp laanscht oder iwwert de Goal gaang, an eng Kéier war ët de Potto, an et huet ee gemengt Berbuerg misst dach lo all Moment den erléisenden Ausgläich schéissen. Bei Suessem ass lo net méi vill komm, si hunn sech nach just op Konter limitéiert, woubäi trotzdeem nach déi eng oder aaner geféierlech Aktioun derbäi war, sou och kuerz viru Schluss wéi hiere Stiermer ganz alléng virum Goal de Ball net am Filet konnt ënnerbéngen.

Et ass awer beim 1-2 bliwwen, opwuel mindestens e Gläichspill fir eis Faarwen dra gewiescht wier. Hätte mer den Ufank net verpënnt, wär hei secherlech eppes Zielbares derbäi erausgesprongen. Mee wéi haat de Lothar Matthäus schon deemols gesot: "Wäre, wäre, Fahrradkette". An deem Sënn, huele mer dës Lektioun mat an de läschte Match vum Joer (den 2. Dezember doheem géint AS Luxembourg Porto) fir nach e schéinen Ofschloss vun der Hironn a vum Joer 2018 ze feieren. Allez Berbuerg!

Fotogalerie vum Paul Krier: https://www.fupa.net/galerie/fc-berdenia-berbourg-cs-sanem-298648/foto1.html