Seniors 1: eng Ronn weider


22 November 2018

Coupe FLF: FC Berdenia Berbourg - FC CeBra 01 3-2

 Ouni Glanz konnt eis Equipe sech um Mëttwoch Owend an der Coupe FLF géint den FC CeBra 01 aus der 2. Divisioun duerchsetzen. Bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt a viru wéinegen Zuschauer sinn och eis Jongen net sou richteg op Temperatur komm. Ëmmerhinn huet et déi éischt Halschent no Goaler vum Rayan Rafdy (17. Minutt) a Kylian Chalumeau (29. Minutt, Fouleelefmeter) no engem souverän gefouerte Match vu Berbuerg ausgesinn.

Allerdéngs ass et zum Schluss hinn nach bessen méi spannend ginn wéi een sech et erwaard hat. Den FC CeBra mécht eng Véirelsstonn viru Schluss den 2-1 Uschlosstreffer a wollt fir eng Iwwerraschung suergen. Allerdéngs huet den Yves Dahm nëmmen 1 Minutt drop prompt geäntwert an den den 3-1 markéiert. Kuerz virum Schlusspëff fällt dann och nach den 3-2, waat och d'Endresultat sollt sinn.

Deemno geet d'Aventure an der Coupe FLF weider. Lo waarde mir gespaant wéi ee Géigner mir fir d'1/8-Finall zougeloust kréien. Dee Match fënnt awer réicht den 3. Abrëll 2019 statt.