Seniors 1: Kloer Victoire beim Tabelleläschten


05 November 2018

FC Red Boys Aspelt - FC Berdenia Berbourg 0-4 

 An der Ufankshallefstonn war et e méi oder manner ausgeglachene Match. Berbourg hat eenzel Aktiounen no viir, war awer virun allem iwwert d'Säiten och ufälleg sou dass Uespelt déi eng oder aner Chance hat. Et huet bis an déi 40. Minutt gedauert bis et déi éischte Kéier am Filet vun de Red Boys gerabbelt huet. 0-1 duerch den Daniel Contrino, dëst op Viirlag vum Kylian Chalumeau. Kuerz virun der Halbzeit huet de Rayan Rafdy nach zwou Grousschancen um Fouss, kann awer net markéieren. Och de Kylian Chalumeau huet séng Grousschance, déi awer als éischt ofgeblockt gëtt, mee den Ibrahim Diop vum Noschoss profitéieren an op 0-2 erhéichen kann. 

Nom Wiessel, ass et an der 61. Minutt eng schéi Kombinatioun vum Rayan Rafdy a Kylian Chalumeau wourops hinn den Daniel Contrino den 0-3 maache kann. Nëmmen e puer Minutten drop geléngt dem Yves Dahm suguer nach den 0-4.  Och hei haat de Kylian Chalumeau säi Fouss rem am Spill, wéi hien per Fräistouss, iwwert eng Verlängerung vum Charel Weidert, den Yves Dahm virum Goal an Szen setzt. 

4-0 Victoire also fir eis Faarwen beim Schlussliicht. Domat stinn mer lo mat 12 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell. Trotzdem bleift am Tabellemëttelfeld punktemässeg weiderhinn alles ganz enk beieneeng. Weider sou!