Seniors 1: Match gedréiht


21 October 2018

FC Berdenia Berbourg - FC 95 Schifflange 2-1

 De Géigner ass mat 3 Punkte Viirsprong an der enker Tabell op Berbuerg ugereest. An der Ufanksphase war Schëffleng och liicht besser an hat 2-3 méi kleng Chancen. Op Berbuerger Säit huet allerdéngs jeglechen Drang no viir gefehlt. No enger gudder halwer Stonn konnten d'Zuschauer dann endlech e Match op kengem gudden Niveau, mee trotzdeem mat zwou Equipen op Aaenhéicht gesinn. Elo hat och Berbuerg seng Chance duerch den Dany Leconte, awer ouni Zielbares. Kuerz virun der Halschent geléngt et Schëffleng den 0-1 ze markéieren, begénstegt doduerch dass mir ze wäit vun de Leit wech waren.

Nom Pausentéi muss gewiesselt ginn. De Vincent Sauber gëtt verletzungsbedingt duerch den Joe Reuter ersat, de Steven Baskewitch an den Dany Leconte musse Plaz maachen fir déi méi offensiv Spiller Fynn Falkenau an Yves Dahm. Allerdéngs geléngt et doduerch nach ëmmer net fir e bessere Spillopbau op d'Reih ze kréien. Bis déi 70. Minutt, wou de Rayan Rafdy op eneits zouschléit, an dëst op Viiraarbescht vum Daniel Contrino. 1-1.  Lo gëtt de Match méi emkämpft, et ginn wesentlech méi (a besser) Zweekämpf gefouert, an et ginn eng Reih Fouls op béide Säiten, Chancen bleiwen allerdéngs limitéiert. E puer Minutten virum Schluss geléngt et dem Yves Dahm awer nach den 2-1 fir déi Orange ze schéissen. Dëst ass och d'Endresultat mat ënnert dem Strech 3 Punkten fir Berbourg, woumat mir kënnen punktemässeg zu Schëffleng opschléissen.

An der Tabell ginn et elo 5 Equipen mat 9 Punkten (eng dovun Berbourg), eng Equipe virdrun mat 10 Punkten an zwou direkt hannendrun mat jeweils 8 Punkten, sou dass et nach wie vor ganz enk ass.