Skip to contentSkip to footer
FC Berdenia Berbourg

FC Berdenia Berbourg
Berdenia

Umellen

Faz Kuduzovic ass eisen neien Trainer

22nd June 2026

FC Berdenia Berbourg

image

Wëllkomm Faz!

 
Den FC Berdenia Berbourg ass frou de Fahrudin „Faz“ Kuduzovic als neien Trainer vu senger 1. Equipe kënnen ze presentéieren!
 
Mam Faz kënnt ee Mann bei eis, deen op impressionant international Erfarungen als Spiller op héijem Niveau an England, Irland, Däitschland a Lëtzebuerg souwéi als Trainer an Däitschland a Lëtzebuerg kann opbauen.
 
Mir si voller Iwwerzeegung, dass mir mam Faz dee gudde Wee vun de leschte Jore kënne weider goen an dass hie souwuel eis Jongen, wéi déi ganz Equipe wäert positiv weider entwéckelen.
 
Mir wënschen him nieft dem Erfolleg, dass hien vill Freed um Spill huet, hie seng Erfarung a Kompetenze kann abréngen a sech an eiser Bärefamill wuel fillt!
 
Mir si Berbuerg!