Skip to contentSkip to footer
FC Berdenia Berbourg

FC Berdenia Berbourg
Berdenia

Umellen

Kings of Penalty 2026

17th June 2026

FC Berdenia Berbourg

Kings of Penalty 2026, et war allt rem eng flott Editioun, mat 66 Equippen, gudder Stëmmung, ville geschossenen, verschossenen a gehaalenen Eelefmeter, a mat vill Gewënner. Hei de Klassement vun de Penalty-Kinneken 2026:

 
1. 6 Tablets vun Eye-T fir d'Equipe 1321
2. 500€ Cash fir d'Jengen
3. 300€ am Shabu Restaurant fir d'Eechternoacher Bouwen
4. 200€ am Restaurant Koeppchen fir El Muchachos
5. 6 Menüer am Café Op der Knupp fir den FC Desperados
6. 6 Pizzaen an der Brasserie Op Buergkapp fir SPK18
7. E Cidertasting um Ramborn Cider Haff fir 1000 mol geschoss a kee gehaal
8. 6 Fläschen Crémant PUNDEL-HOFFELD / PUNDEL-ERR fir den FC Bacalhau
 
Ausserdeem hu mer e gléckleche Gewënner an der Players Lottery fonnt fir de Fernseh vun der Electricite Wampach.
 
Flott waren och d'FuPa Awards am Kader vun 10 Joer FuPa Lëtzebuerg, a Präsenz vun den FLF Vertrieder an natierlech de beschte Goalgetter vun dëser Saison! 
 
Gratulatioun un all d'Gewënner a merci fir d'Matmaachen. Dei nächst Editioun fënnt dann den 12. Juni 2027 statt. Markéiert iech dat schonn roud am Kalenner !

We are the real Kings of Penalty !