Skip to contentSkip to footer
FC Berdenia Berbourg

FC Berdenia Berbourg
Berdenia

Umellen

Kings of Penalty - 12. & 13. Juni 2026

30th April 2026

FC Berdenia Berbourg

image

Léif Frënn vum FC Berdenia a vum Kings of Penalty,

De Kings of Penalty fënnt dëst Joer den 13. Juni wéi gewinnt zu Berbuerg an der Streetwheels-Arena statt. Niewt der gewinntener gudder Stëmmung – fir déi néideg Beats suergen dëst Joer de Skit an den Ju -, engem gudde Maufel an engem gudde Patt gëtt et dëst Joer e puer Neierunge bei de 
Präisser. Ze gewanne gëtt et:

The Kings: 6 Tablets by Eye-T
2. : 500€ Cash
3. : 300€ beim Restaurant Shabu
4. : 200€ am Restaurant Koeppchen
5. : 6 Menuer am Restaurant op der Knupp
6. : 6 Pizzae bei der Brasserie op Buergkapp
7.: Cider Tasting bei Ramborn Ciderhaff
8.: 6 Fläsche Crémant Pundel-Hoffeld

Doniewt gëtt et dëst Joer ganz nei eis Players Lottery wou all hallef Stonn jiddereen dee mat mëcht ee Präiss gewanne kann, wéi z.B. eng Telé, e Bluetooth Speaker, Fläsche Wäin/Gin/Berliner Luft oder och nach divers 
Bongen.

D'Umeldunge lafen, maacht iech bäi: www.penalty.lu

Net ze verpassen ass dëst Joer och rëm um Virowend, also dem 12. Juni, eis Kings of Penalty – The Night before mat flotter Ambiance a Musek vun der Bech-Berbuerger Musek an dem DJ Maji.

Bis geschwënn an der Streetwheels Arena,

Den Organisatiounscomité vum Kings of Penalty

www.penalty.lu