Oofschloss vum 75. Anniversaire


05 February 2024

Leschte Weekend sinn d'Feierlechkeeten rondrëm de 75. Anniversaire vum FC Berdenia Berbourg - deen d'ganz Joer 2023 mat enger Reih Eventer gefeiert ginn ass, wéi zum Beispill dem Bal wéi fréier -  mat engem Galaiessen oofgeschloss ginn.
 
Niewt deem bekannt gudden Iessen vum Restaurant Steinmetz, huet de Carlo Wampach duerch den Owend gefouert mat diverse Rieden vum President Raoul Schummer, dem Buergermeeschter Jempi Hoffmann sou wéi dem Représentant vun der FLF a President vun eisem Partnerveräin an der Jugend Christian Weis. De Marc Kubica huet eis dann d'Brochure viirgestallt, déi virun allem mat ville Fotoen gefëllt ass an och en historeschen Deel iwwert d'Berbuerger Famillen beinhalt, dee vum Claude Theisen recherchéiert, geschriwwen a presentéiert gouf.
 
Den Highlight vum Owend war awer secherlech d'Presentatioun vun eiser Bäreskulptur. De bärestaarken Design kënnt vum Street-Art-Kënschtler André Scholtes ("It was not me") a fir d'Produktioun huet eise Sponsor d'Schlässerei vu Berbuerg gesuert. 24 Parrain'en hu sech et net huele gelooss fir sech mat enger Plaquette op deem gelongene Wierk ze veréiwegen, waat demnächst op der Tribün vum Stade Renert wäert installéiert ginn.
 
Op deem Wee soe mir allen Donnateur'en an alle Leit déi zum Geléngen vum 75. Anniversaire bäigedroen hunn e grousse Merci, a besonneg dem Organisatiounscomité deen sech op Eneits vill Méih ginn haat.
 
N.B.: Profitéiert vun de nächsten Heemmatcher fir iech de limitéierte Fanschal vum 75. Anniversaire ze secheren - ze kréien fir 20 Euro an der Buvette.
 
Um Terrain dann geet d'Réckronn geschwënn lass, wou de volle Fokus op dem Klassenerhalt läit!
 
Mir si Berbuerg!