Tëschefazit no der Hironn


13 December 2023

Eis 4. Saison an der Eirepromotioun ass bis dato wierklech kee Cadeau. No der Hironn steet eis 1. Equipe mat nëmmen 3 gewonnene Matcher a schappegen 10 Punkten op der leschter Tabelleplaz. Nodeems mir d'lescht Joer ëm dës Zäit nach op enger Barrageplaz fir den Opstieg iwwerwantert hunn (4. Plaz mat 27 Punkten), huet sech zënter Ufank 2023 lues awer secher e Negativtrend ageschlach. Zwar hu mir um Enn vun der vergaangener Saison d'Klass gehaal, mee och um Ufank vun der neier Saison hunn d'Resultater net gestëmmt. 
 
Am Oktober huet de Veräin da misste réagéieren an en neien Trainer huelen fir eng besser Dynamik an d'Equipe ze kréien, mee eng ganz Partie u Verletzungen hunn daat alles aanescht wéi einfach gemaach. Dëst soll a kann awer keng Ausried sinn, mee et muss weider geschafft an un deene richtege Schrauwe gedréiht ginn fir d'Kéier ze kréien. Et ass nach näischt verluer a mir gleewen un daat waat wierklech an der Equipe stecht. D'Wanterméint wäerte secherlech sënnvoll genotzt ginn fir dass 2024 de sportlechen Erfolleg rëm bei eis zréck kënnt.
 
Eis 2. an 3. Equipe hu sech an der éischter Halschent vun der Saison awer wesentlech besser aus der Affaire gezunn. Béid Reserven-Equippen stinn ënnert den Top 3 an hierer jeeweileger Klass. Et waren och mol méi duerchwuesse Momenter derbäi, mee den Equippegeescht ass ëmmer héich gehaale ginn. Bravo dofir un dee ganze Grupp!
 
E grousse Bravo soen mir op dëser Plaz awer och eisen treie Supporter fir hier Ënnerstëtzung, déi an de leschte Méint net ëmmer selbstverständlech war. Zesumme packe mer daat, zesumme si mir Berbuerg! An lo geet et fir jiddereen an déi wuelverdéngte Wanterpaus!