Cuvée 75 Joer - elo nach bestellen!


13 September 2023

Fir déi, déi hier Bestellung nach net gemaach hunn, kënnen sech nach bis Enn dës Mounts bei eisem Eirepresident Marc Kubica mellen fir hier Cuvée 75 Joer ze reservéieren. 
 
Eis Cuvée Anniversaire ass eng limitéiert Editioun mat enger spezieller Etikett mam Logo vum 75. Gebuertsdag vum Veräin. Et gëtt roude Wäin a Rosé vum Domaine Mujolan (Languedoc) souwéi och den eegens fir eis ugesate lëtzebuerger Crémant vum Domaine Pundel-Hoffeld.

Eng Fläsch kascht 20 Euro, inkl. Liwwerung. Eng Trilogie an der Geschenkverpackung mat allen 3 Zorten kritt ee fir 60 Euro a bei enger Bestellung vun enger Këscht mat 6 Fläschen gëtt ët 1 Fläsch gratis derbäi.
 
Bestellungen beim Marc bis den 1. Oktober: +352 621 77 55 88 oder mkubica@pt.lu
 
#MIRsiBERBUERG