D'Missioun Éirepromotioun geet weider


08 May 2023

Nom drëttleschte Saisonsmatch beim FC Atert Bissen (1 Punkt fir en 3-3 Gläichspill), hu mir de Klassenerhalt an der Éirepromotioun fréihzäiteg geséchert. Gefeiert gëtt awer mat gemëschte Gefiller. Och wann viirun der Saison eis Ziel war fir d'Klass ze haalen, hat een no enger exzellenter Hironn dach vun enger wesentlech besserer Plazéirung am ieweschten Deel vum Tableau gedreemt. Duerch eng länger schwaach Phas an de Wanterméint an op eneits erstäerkte Favoriten, si mir séier oofgerutscht a kënne lo trotzdeem frou sinn eis Minimalziel erreecht ze hunn. Lo heescht et déi lescht zwee Matcher d'Saison mat positive Resultater op en Enn ze bréngen. Nächste Sonndeg geet et bei den Tabelleleschten op Schieren an den 21. Mee schléisse mir d'Saison mam Heemmatch géint US Rumelange of, wou mir nach eng Kéier all zesummekommen fir d'Equipe an d'Summerpaus ze verabschieden.
 
#MIRsiBERBUERG