Berbuerger Duerfbeschass den 28. Mee um Fussballsterrain


06 May 2023

Maach mat beim Berbuerger Koubingo a gewann bis zu 3.125 EUR!!! Ticket'en fir matzemaachen ginn et bis kuerz virun Ufank vum Event bei de Spiller a bei de Comitésmemberen vum FC Berdenia!
Komm dir de Spektakel och live op d'Plaz ukucken, direkt nom Kilometermaart um Fussballsterrain zu Berbuerg! Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt!
 
Reglement: Den offiziellen Ufank vun der Loterie ass mat der Entrée vun der Kou op den Terrain um 18h00. Dat Feld op dat d'Kou als éischt hire Koup mëcht huet gewonn. De Präiss fir d'Gewënnerfeld entsprecht 25% vun de gesamten Einnahmen vun de verkaaften Ticket’en (max. 3.125 Euro). De Präiss fir déi 8 Felder déi ronderëm d'Gewënnerfeld leien entsprecht jeweils 2% vun de gesamten Einnahmen. Déi eenzel Felder kënne vu méi Leit reservéiert ginn. An deem Fall gëtt de Gewënn vum Feld proportional zu der Unzuel vun de Leit opgedeelt. Sollt d'Kou bis 20h30 net gekoupt hunn, gewënnt daat Feld wou dee Moment der Kou hire Schwanz driwwer hänkt. Bonne Chance!
 
#MIRsiBERBUERG