FC Berdenia Berbourg feiert 70 Joer

Am Kader vu senge 70 Joer, huet den Organisatiounscomité e Programm mat enger Reih sportleche Rendez-Vous'en op d'Been gestallt a wäert fir dës Geleegenheet och eng Brochure zesummestellen. Fir d'Frais'en vun alldeem ze decken, si mir op Don'en a Sponsoring vun eise Fans a Sympathisanten ugewisen.
 
Fir Privatleit bidde sech folgend Méiglechkeeten:
 
  • Membre donateur: 10.-€
  • Membre d'honneur: 30.-€
  • Comité de patronage: 75.-€ (inklusive Brochure)
  • Patronage vun 1 Säit: 100.-€ (inklusive Brochure)
 
Betrieber a Veräiner kënnen sech och gäre mellen fir weider Detailer ze kreien.
Bei Interessi, kontaktéiert w.e.g. de Marco Kubica (mkubica@pt.lu) oder Guy Thill (guyt@pt.lu).
 
Den Organisatiounscomité seet iech villmools Merci