Jugendentente

Jugendentente tëschend Berdenia Berbourg, Jeunesse Biwer an CS Grevenmacher 

No ville Versammlungen tëschend dem CS Grevenmacher, dem FC Jeunesse Biwer
an dem FC Berdenia Berbourg konnt 2015 e Vertrag ënnerschriwwen ginn, duerch dien déi 3 Veräiner eng Jugendentente gemach hunn, mat gemeinsamen Equipen anTraineren an alle Jugendkategorien.

Heimadder kënnen Equipen an de Kategorien Bambinis, Pupilles, Poussins, Minimes,
Scolaires, Cadets a Juniors opgestallt ginn, an d'Kanner a Jugendlech kënnen esou ënnert optimalen sportlëchen Bedingungen op den Terraiën zu Grevenmacher, Biwer a Berbourg trainéieren an hier Matcher spillen.

Dës Entwécklung, bidd eise jonke Spiller nei Méiglechkeeten sech sportlëch weiderzeentwéckelen!