Zwëschefazit an der Wanterpaus


12 December 2017

No der Viirronn steet eis éischt Equipe am Mëttelfeld vun der Tabell op der 9. Plaz. Mat 14 Punkten ass de Wee allerdéngs e gudd Stéck méi wäit no uewen wéi no ënnen. An der Réckronn heescht et also oppassen a sou séier wéi méiglech déi néideg Punkten huelen sou dass mir net nach um Enn vun der Saison an d’Labrente kommen.

No der historëscher Saison vum läschte Joer, kann d’Equipe momentan net méi un déi selwescht erfollegräich Leeschtungen uknäppen. D’spilleresch Qualitéit huet duerch déi vill Oofgäng vun erfuerene Spiller leider méi misste leiden wéi d’Veräinsverantwortlëcher sech daat trotz enger Reih villverspriechender Neizougäng am Summer viirgestallt haten. Trotzdem konnt d’Equipe an deem engen oder aanere Match séng gudd Säite weisen, och wann herno net ëmmer 3 Punkten derbäi rausgespronge sinn. De Veräin wäert secher d’Geleegenheet notzen fir an der Wanterpaus no enger punktueller Verstäerkung ze sichen.

Fir d’Viirronn komplett ofzeschléissen bleiwen awer nach zwee Matcher ze spillen (doheem géint Monnerech an am Pafendall), déi jo wéinst de schlechte Wiederverhältnisser ofgesot gi waren a réicht am Joer 2018 gespillt ginn.

Och bei der zweeter Equipe gëtt et nach ee Match nozehuelen. Zu Ehleréng war Enn November den Terrain net bespillbar an de Match war vun der FLF nach net nei ugesat ginn a wäert deemno och réicht 2018 gespillt ginn.

Mat engem Match manner also, steet eis zweet Equipe mat 7 Punkten op der aktuell 10. Plaz an domat op enger Ofstiegsplaz. Nom knapp verpassten Klassenerhalt am Summer, leeft et och eng Divisioun drënner leider weiderhinn net sou richteg ronn. Vill Ausfäll hunn derzou gefouert dass schon e Forfait um Konto steet, a wéinst mangelnder Konzentratioun ass sécherlech och schon méi wéi ee Punkt verluer gaangen. D’Tabellepositioun ass bis dato weder fir d’Spiller selwer, nach fir den Trainer an de Veräin zefriddestellend. Et ass awer och gewosst dass méi Potenzial an där Equipe stecht fir eng wesentlech besser Platzéirung unzepeilen. Mat engem gudde Mix aus erfuerenen a jonke frësche Spiller, dierft dëst dann och d’Zil fir d’Réckronn sinn a mat e bëssen méi Engagement als Equipe och ze packe sinn.

Och an der Jugend ass vill geschafft, fläisseg trainéiert a gréisstendeels erfollegräich gespillt ginn. An der Entente gëtt zesummen mat eise Partnerveräiner FC Jeunesse Biwer an CS Grevenmacher e groussen Opwand bedriwwen fir de Kanner a Jugendlechen déi beschtméiglech Konditiounen ze bidden fir hiere Sport kënnen auszeüben. An deem Beräich ass de Veräin amgaangen sech nei ze organiséieren. Déi läscht Wochen a Méint goufen et eng Partie Démissiounen vun Traineren an de verschiddenen Alterskategorien (dëst aus ennerschiddleche Grënn), esou dass d’Entente aktuell op der Sich no 4 neien Traineren ass. Fir dass déi vill Jugendéquipen ideal kënnen encadréiert ginn, ass och d’Hëllef an den Engagement vun den Elteren extrem wichteg. Dofir ass d’Jugendcommissioun och ëmmer rëm op der Sich no neie Memberen fir daat Ganzt mat frëschem Wand ze beliewen. Avis aux amateurs!

Elo ass et awer mol un der Zäit fir eng kuerz Paus anzeleen an ze regénéréieren. Nom Joreswiessel heescht et dann rëm alles ze ginn a mat voller Energie unzegräifen.