SENIORS 2: Remelëng mat der besserer Chanceverwertung


29 March 2018

FC Berdenia Berbourg II - US Rumelange II 0-2
-
Et ass e wichtege Match fir béid Equipen, Berbourg wëll aus dem Keller rauskommen, Remelëng kann nach opsteigen.

No 9 Minutten, geet e Schoss vu Remelëng op d'Laat. Kuerz drop kann de Bob Schrantz gutt agräifen an e Réckstand verhënneren. Duerno kann Berbourg sech e puer Chancen op Konter erausspillen, mee déi läscht décisiv Pass kënnt net un. Sou geet de Match mat 0-0 an d'Paus, an engem bis dohin enke Match mam liichte Chanceplus fir de Géigner.

No der Paus huet Berbourg an der 53. Minutt e Korner deen op de 16er dégagéiert gëtt vu wou de Mohammed Alizadeh direkt ofzéiht. De Ball gëtt nach vum Leandro Lopes ofgefälscht a geet just laanscht de Potto. Nëmmen zwou Minutten méi spéit bleift dem Suvad Spahic säi Fräistouss an der Mauer hänken a säi Noschoss gëtt vum Keeper gehaal. An der 65. Minutt ass et rëm de Suvad Spahic deen op der lénkser Säit duerch d'Ofwier an op de Keeper geet. Säi platzéierte Schoss gëtt allerdéngs am läschte Moment vun engem Verteideger op der Linn geklärt. Berbourg dréckt an ass der Féirung no, Remelëng hat bis zu dësem Zäitpunkt nach keng Chance an der zweeter Halschent. Awer och de Pit Chennaux an den Yves Dahm bleiwen um Keeper hänken. An der 74. Minutt verléiert Berbourg de Ball am Mëttelfeld, Remelëng profitéiert a kann mat eng Schoss aus der Distanz den 1-0 markéieren. Berbourg spillt weider no viir fir den Ausgläich ze maachen. An der Nospillzäit fällt dann och nach den 2-0 fir Remelëng nodeems de Bob Schrantz e Schoss net kann festhalen.

Grouss Enttäuschung deemno, no enger gudder Leeschtung géint eng staarkt Remelënger Equipe. Berbourg hat eng ganz Reih Chancen an der zweeter Halschent, Remelëng hat just eng eenzeg déi duer gaangen ass fir de Match ze entscheeden. Ze erwähnen bleift dass keng Kaarten ausgedeelt gi sinn, an dat opwuel déi läscht 20 Minutte zimmlech ruppeg rofgaange sinn mat ville Fehler a Tacklen déi no un der rouder Kaart waren.

Equipe: Bob Schrantz, Ben Ruppert, Charel Weidert, Yannick Friats, Jacques Scholtes (38. Pit Chennaux), Max Schrantz, Mohammed Alizadeh (61. Charel Kremer), Leandro Lopes, Suvad Spahic, Wenzel Schommer (75. Serge Hoscheid), Yves Dahm

Reserve: Serge Hoscheid, Charel Kremer, Pit Chennaux