SENIORS 2: Keng Big Points zu Izeg


22 March 2018

FC Blo-Wäiss Itzig II - FC Berdenia Berbourg II 4-1
-
Izeg geet direkt mat vill Pressing an de Match woumat Berbourg séng Problemer huet. No 8 Minutten geléngt et Izeg direkt e puer mol op de Goal ze schéissen. Berbuerg verteidegt ëmmer rëm mee kritt de Ball net dégagéiert, sou dass am véierten Ulaf de Géigner den 1-0 schéisst. Duerno bleift Izeg och weiderhinn um Ball a ka sech eng Reih Chancen erausspillen, dorënner och e Schoss op de Potto. Et dauert bis an déi 35. Minutt bis Berbuerg eng éischte Kéier kann geféierlech virun den Izeger Goal kommen. Den Yves Dahm dribbelt an de Strofraum a gëtt do mat engem Foul gestoppt. De Jaspar Göpel verwandelt den uschléissenden Penalty zum 1-1 Ausgläich. Déi nei gewonnen Confiance ass awer just vu kuerzer Dauer. An der 38. Minutt gëtt et Korner fir Izeg. De Ball gëtt net gutt dégagéiert an de Géigner kann rëm mat 2-1 a Féirung goen. 

An der zweeter Halschent dominéiert Izeg de Match komplett. 51. Minutt, de Stiermer kann ouni Problemer op der lénkser Säit duerch d'Ofwier goen an op 3-1 erhéichen. Berbourg fënnt säi Rythmus nët an d'Passen sinn ze ongenau. Daat erméiglecht dem Géigner fir d'Bäll schon héich sichen ze goen an ëmmer weider zu Chancen ze kommen. De Bob Schrantz muss desöfteren agräifen an och de Potto hëlleft zweemol mat fir Schlëmmeres ze verhënneren. An der 75. Minutt fällt dann awer nach de 4-1 fir Izeg. Berbourg kéint nach wiesselen, mee d'Bänk ass zu dësem Moment eidel, sou dass nach just op de Schlusspëff gewaart gëtt. 4-1 steet et um Enn fir eng gudd Izeger Equipe an engem Match deen ee secher ka verléieren, mee net onbedéngt op dës Manéier. Zitat vum Trainer Steve Lacroix: "Match à oublier complètement". 

Am Idealfall hätte mer kënne mat enger Victoire punktgläich zéihen mat engem direkte Konkurrent am ënneschte Beräich vun der Tabell, mee sou kann Izeg säi Viirsprong op 6 Punkten ausbauen.  

Equipe: Bob Schrantz, Eric Frondizi, Yannick Freitas, Serge Hoscheid, Pit Chennaux, Max Schrantz, Wenzel Schommer, Mohammad Alizadeh, Jaspar Göpel, Charel Kremer (32. Jo Pitzen, 46. Jacques Scholtes) , Yves Dahm 

Reserve: Jo Pitzen, Jacques Scholtes