SENIORS 2: Eng Lektioun vun der Jeunesse


12 April 2018

FC Berdenia Berbourg II - AS La Jeunesse d'Esch/Alzette 0-4 
Bei naassem Wieder gehéiert de Berbuerger déi éischt Chance vum Match géint d'zweet Equipe vum Lëtzebuerger Rekordchampion. Den Yves Dahm erobert sech de Ball a probéiert am 1-géint-1 de Keeper ze iwwerlupfen, de Schoss mësléngt allerdéngs. Duerno ass awer d'Jeunesse um Ball a spillt sech och eng Reih Chancen eraus. No 10 Minutten steet et dann och schon 0-1 fir de Géigner. Den 0-2 fällt no enger gudder halwer Stonn, nodeems d'Jeunesse de Ball kann am Mëttelfeld récupéréieren. De Spiller op der rietser Säit kann fräi op de Goal goen an ouni Problemer annetzen. Trotz dem Réckstand versicht Berbuerg rem zréck an de Match ze kommen. De Leandro Lopes schéisst op de Keeper, kuerz drop steet den Yves Dahm alleng an der Mëtt, op Viiraarbescht vum Chris Sauber, mee säi Schoss geet e gudd Stéck iwwert de Goal. 

No der Paus bleiwt de Rythmus héich, déi Escher kontrolléieren de Match a sinn och technesch besser wéi Berbuerg. Daat féiert dann och zum 0-3 an der 55. Minutt. No dësem Géigegoal léisst Berbuerg de Kapp hänken, a léisst nach just d'Escher Spill iwwert sech ergoen. No viir geet net méi vill an hannen muss de Bob Schrantz am Goal nach e puer mol agräifen fir Schlëmmeres ze verhënneren. Schlussendlech fällt dann awer nach den 0-4 waat dann och dem verdéngten Endstand entsprecht. 

Trotz enger verstäerkter Equipe mat 5 Eischtequipespiller, ass et Berbuerg net gelongen de Match an d'Hand ze huelen. De Géigner war op allen Niveau'en besser, an huet eiser zweeter Equipe eng Lektioun erdeelt. Den nächste Match ass den Derby géint Grevenmaacher, déi och hannen an der Tabell hänken an déi et lo ze schloe gëllt. 

Equipe: Bob Schrantz. Max Schrantz (79. Serge Hoscheid), Pol Petry, Yannick Freitas, Nicolas Oswald (56. Alex Thill), Mohammad Alizadeh, Chris Sauber, Leandro Lopes, Jaspar Göpel (56. Wenzel Schommer), Daniel Benner, Yves Dahm 
Reserve: Alex Thill, Serge Hoscheid, Pit Chennaux, Wenzel Schommer