SENIORS 1: Schwaach Leeschtung an der Coupe


12 September 2017

SC Bettembourg - FC Berdenia Berbourg 3-1

/

Leider konnten eis Jongen an der éischter Ronn vun der Coupe de Luxembourg zu Bettembourg net iwerzeegen a verpassen domat am zweeten Tour en Derby géint den CS Grevenmacher.



De Match war vun Ufank un net op engem héigen Niveau mat kenge geféierleche Chancen op beide Säiten bis an der 31. Minutt eis Verteidegung duerch e Ball an d'Déift konnt ausgepillt ginn! Do stoung de Stiermer vu Bettembourg alleng virun eisem Keeper a konnt aus gudd 14 Meter präzis erasetzen.



Mat deem Reckstand ass et dann och an d’Paus gaang.



Wei dann an der 50. Minutt de Charel Weidert de Ball no engem Korner konnt zum 1-1 rastocheren war rem Hoffnung do de Match an de Grëff ze kréien! Dëst war awer net de Fall an déi zu deem Zäitpunkt besser Equipe vu Bettembourg konnt dann an der 80. Minutt duerch e Kappball op e Korner hin rem a Féirung goen.



Berbourg huet duerno hannen opgemaach fir den Ausgleich ze schéissen, konnt sech awer keng richteg Chance rausspillen!



Endgülteg Schluss war dann an der 92. Minutt wou de Géigner e Konter schéin zu Enn gespillt huet an den Endstand op 3-1 erop gesat huet.



Domat ass d'Coupe de Luxembourg fir Berbourg schonn am éischten Tour gelaaf.



Equipe: Sam Faber, Charel Weidert, Marc Mees, Suvat Spahic, Leandro Lopes, Ibrahim Diop, Eric Galetto, Danny Leconte, Ahmed Boussi, Daniel Contrino, Rayane Laouira



Reserve: Joé Reuter, Daniel Benner, Yves Dahm, Jaspar Göpel, Steven Dos Santos Batista