Seniors 1: Schlechte Start an déi nei Saison


31 August 2017

AS Luxembourg Porto - FC Berdenia Berbourg 5-2



Den éischte Match vun der Saison sollt géint den Opsteiger vun Zéisseng net gutt fir eis Equipe ausgoen. Schon an der éischter Minutt hat d ‘Équipe vum AS Porto Luxembourg hier éischt Chance wou sie iwwert déi lenks Säit ugegraff hunn. De flaache Schoss ass knapp laanscht de rietse Potto gaangen.



D’Berbuerger Jongen sinn dann an der 2. Minutt zu hirer éischter Chance komm, wou den Ahmed Boussi schéin op den David Schuster riwwer leet, deen awer am 1 géint 1 um Keeper hänke bleift.



D’Heeméquipe ass ëmmer besser an de Match komm an konnt an der 8. Minutt no enger Flank vun der rietser Säit mat 1-0 a Féierung goen, wéi de Stiermer virun

eisem Keeper an de Verteideger un den Ball komm ass.



An der 22. Minutt ass dann och schonn den 2-0 gefall nodeems d’Berbuerger Verteidegung no enger Flank vu lénks de Ball net konnten dégagéieren, an de Stiermer vum AS Luxembourg Porto keng Problemer hat de Ball aus 5 Meter iwwert d’Linn ze drécken.



Et huet och net laang gedauert bis den nächsten Goal fällt! D’Heeméquipe notzt do de Chaos an eiser Ofwier aus an erhéicht an der 26. Minutt op 3-0.



An der 37. Minutt kruten déi Berbuerger en Eelefmeter no Foul um David Schuster zougesprach, leider konnt de Rayane Laouira deen awer net verwandelen.



Et kënnt dann nach méi schlëmm fir eis Jongen, wéi se an der 41. Minutt an e Konter gelaf a mat 4-0 a Réckstand geroden sinn.



Kuerz virun der Halbzeit konnt awer de Charel Weidert no engem Korner op 4-1 verkierzen.



An der 2. Halschent hunn eis Jongen sech nach eng Kéier um Rimm gerappt an hu probéiert d‘Resultat nach eemol ze korrigéieren. De Chris Sauber hat an der 56. Minutt eng grouss Chance fir ze verkierzen, mee hien konnt no enger Flank vum Ahmed Boussi de Kappball net am Goal ënnerbréngen.



An der 72. Minutt verkierzt dann den Eric Galetto op 4-2, dëst nodeems de Keeper vum AS Porto eng Flank vum Blau ënnerleeft, an hien just de Ball an den eidelen Goal huet missen schéissen.



Déi Berbuerger Équipe wollt nach eng Kéier alles probéieren, mee déi Hoffnung ass nom 5-2 an der 79. Minutt endgülteg verluer gaang.



D’Fazit vum Match ass dat eis Jongen déi éischt Halschent komplett verschlof hunn! Et gëllt an der Woch de Match vum Sonndeg ze analyséieren, a sech op

den Derby géint Biwer den nächsten Sonndeg 03/09 um 16h00 am Stade Rénert ze konzentréieren, fir do eng besser Performance ze weisen. Domat start Berbuerg schlecht an d‘Saison a wäert sech e Sonndeg doheem géint Biwer bestëmmt anescht presentéieren.



Equipe: Joe Reuter, Michael Blau, Marc Mees, Charel Weidert (c), Chris Sauber, Jaspar Göpel (31. Minutt, Daniel Contrino), Sebastian Ting, Pit Wagner (79. Minutt, Danny Leconte), David Schuster (65. Minutt, Eric Galetto), Ahmed Boussi, Rayane Laouira



Reserve: Daniel Becker, Danny Leconte, Daniel Contrino, Eric Galetto, Steven Dos Santos Batista