Seniors 1: Gutt Leeschtung gett net belount


14 May 2018

FC Mondercange - FC Berdenia Berbourg 3-1
 -
 Dei Berbuerger kommen zu Monnerch, dei nach kennen an den Barrage kommen fir an D’Eirenpromorioun, schnell an de Match! No engem Foul am Mettelfeld feiert den Ibrahim Diop de Fraistouss schnell aus an scheckt den Ahmed Boussi! Desen lupft de Ball iwert de Keeper awer leider och knapp laanscht de Goal.
 
Just eng Minutt mei speit muss den Philippe Galle en Kappball op der Linn klären an et bleift no 2 Minuten beim 0-0.
 
Monnerech huet mei Ballbesetz kennt awer net duerch dei Berbuerger Ofwier bis an der 23 Minute eis Jongen duerch en scheinen Ungreff kennen an Feirung goen! Den Ahmed Boussi scheitert als éischt um Keeper, an de Ball sprengt eisem Rietsverteideger Leandro Lopez virun d’Feiss! De “Leo“ mescht daat ganz cool an schéisst sain eischten Goal fir Berbuerg an der 1. Equipe.
 
Bis an d’Halbzeit geet et hin an hier, mat Chancen op deenen 2 Saiten, woubei Berbuerg dei besser Occasiounen huet an domat verdengt feiert.
 
An der zweeter Halbzeit schengt et an der Monnerecher Vestiare gerabbelt ze hun, well dei gin elo richteg Gas! Eis Jongen kennen d’Feirung just bis an dei 55 Minute haalen, wou en waiten Ball queesch an de 16 Meter kennt, an de Monnercher Stiermer dem gudd opgelueschtem Keeper Joe Reuter keng Chance leisst.
 
Nom 1-1 ginn dei Berbuerger endlech wakreg an haetten den aalen Virsprong baal rem hiergestallt, mee de Rayane Laouira scheitert am 1 geint 1 um Monnerecher Keeper! De Ball ass nach warm, mee säin Noschoss an deen vum Eric Galletto fannen de Wee an de Filet net!
 
An der 64. Minute kann de Joe Reuter en super Schoss aus der Distanz haalen, den Noschoss geet un d’Laat an deen zweeten Noschoss driwer.
 
D’Chance verleisst eis Jongen dann an der 83. Minute, wou en Korner um eischten Potto verlängert gett an de Monnercher um zweete Potto ouni greisser Problemer kann den 2-1  markeiren!

Nemmen eng Minute mei speit kreien mer dann e berechtegten Handelefmeter! De Rayane Laouira scheitert awer um Keeper!
 
Dann kennt dei 85. Minute, wou de Charel Kremer zu sengem eischten Asaatz an eiser 1.Equipe kennt! Gratulatioun un dei haart Aarbescht an et wert bestemmt net deen leeschten Asaz fir Berbuerg 1 sinn.
 
Eng Minute mei speit gett och den Mohammed Alizadeh agewiesselt, daat ass och sain eischten Asaatz an der Seniors 1 Equipe! Och him gratuleiren mer fir sain Wee deen en zu Berbuerg gemaach huet, virun allem wann een bedenkt dass hien reischt virun e puer Joer mam Fussball ungefaang huet.
 
Berbuerg probeiert sech nach den 2-2 ze erkämpfen a gett dann mam Schlusspeff mam 3-1 bestroft.
 
Domat geet den läschten Auswärtsmatch des Saison verluer.
 
Kader: Joé Reuter, Charel Weidert, Philipp Galle, Leandro Lopes, Daniel Benner, Daniel Contrino, Ibra Diop, Eric Galletto, Manu Kaufmann, Achmed Boussi, Rayane Laouira
 
Reserve: Sam Faber, Mohammed Alizadeh, Charel Kremer, Jaspar Goepel