SENIORS 1: Gudden Asaz gëtt leider nët belount


24 October 2017

FC Berdenia Berbourg – FC Koeppchen Wuermer 1-2



Sonndeg 22.10.2017, 16:00 Auer, Stade Rénert:



Op engem vereenten Sonndeg an op engem deiwen Terrain kommen eis Jongen trotz guddem Asaz leider netzu weideren Punkten



Den Match haat fiir eis Faarwen gudd ugefaangen an et war an der 1. Halschend eng relativ ausgeglachen Partie mat Chancen op beiden Säiten.

An der 6 Minutt kennt en laangen Ball op riets op den Daniel Contrino an den Stroofraum, desen gett awer vum Wuermer Goalkeeper oofgedrengt.





An der 7. Minutt war et en Distanzschoss vun Wuermer, dien awer laanescht eisen Goal geet, genau esou wie an der 11. Spillminutt.



An der 20 Minutt hiewt den Eric Galetto den Ball no Oofstouss Berbourg an Verlängerung vum Dany Leconte iwwert den Goal.

An der 25 Minutt gett et dann mei turbulent, den Rayane Laouira zidd mam Ball um Fouss an den Stroofraum an gett hei zu Fall bruecht, den Paff vum Arbiter bleift allerdings aus. Die Situatioun hätt den Onparteieschen aus Siicht vun den Berbourger Supporter och keinten aanescht bewerten. Nom uschleissenden Corner brengt den Wuermer Keeper en weiden Oofstouss, die Berbourger defense leescht sech hei hier eischt Onopmierksamkeet well mir den Ball net direkt geklärt kreien, an prompt ass den Wuermer Stiermer op der Plaatz an leet den Ball laanescht den Sam Faber an den Filet.



40 Min: den Charel Weidert käppt no engem Corner iwwert den Goal.



Just virun der Paus huet Wuermer nach eng ganz gudd Gelegenheet die eisen Goal nemmen knapp verfeelt.



Mam Score vunn 0-1 geet et an d´Paus



No der Paus geet d´Partie mam selweschten Tempo an Aktiounen op beiden Säiten weider, an der 51 Min huet den Eric Galetto eng gudd Chance wou en sech iwwer lenks duerchsetzt, an bei sengem Schoss sou just nach vun engem Wuermer Verteideger geblockt gett.



An der 53 Min sinn et erem die Wuermer, die ausserhalb vum 16 Meter den Sam Faber sein Goal knapp verfeelen.



An der 70 Min. geet en Distanzschoss vun den Berbourger knapp iwwert den Goal.



An der 75 Min sollt et die Berbourger dann eng 2. Keier kaal erweschen, wie die Wuermer sech duerch d'Mett kombineiren, den Sam Faber kennt aus dem Goal, den Wuermer Spiller leet den Ball laanescht eisen Keeper an trefft zum 0-2.



An der 88 Min gelengt den Berbourger duerch den Rayane Laouira dann den Uschlosstreffer duerch en scheinen Volley-Goal.



An der 90 Min hunn die Wuermer dann nach eng Grouss Chance, die allerdings net den Wee an den Fillet fennt.



Lescht Aktioun dunn erem an der 93 Min fiir Berbourg, wou den Sebastian Ting aus aussiichtsreicher Positioun zum Fräistouss untrett, desen geet awer leider iwwert den Goal.



Eis Equipe huet quasi iwwert den ganzen Match eng gudd Leeschtung bruecht, mä et sollt um Enn leider net duergoen, an esou geet die voll Punktzuel un den Geigner vun Wuermer.



Op die gewiesen Leeschtung leisst sech awer secher die nächst Wochen opbauen. Wie den Wuemer Trainer den Meinden am Wort soot, sinn die Berbourger mat der Leeschtung vum Sonnden eng Equipe, die secherlech mei heich an der Tabelle misst stoen, wie daat aktuell den Fall ass.