SENIORS 1: Goalspektakel an der Schlussphase


29 September 2017

FC Berdenia Berbourg - CS Sanem 4-4

/

Déi Berbuerger hunn direkt probéiert gutt an de Match ze kommen an haten och no enger Minutt direkt déi éischt Chance. No enger Flank vun der rietser Säit war den Danny Leconte am Strofraum un den Ball komm, hien verzitt awer an den Ball geet wäit iwwert den Goal.



Zwou Minutten méi spéit hat Suessem hier éischt Chance, de Ball ass awer an d’Aussennetz gaang!



An der 5. Minutt geet Berbuerg mat 1-0 an Féierung, daat nodeem den Rayane Laouira eng Flank vum Suvad Spahic artistesch mat engem Seitfallzieher am Goal ënnerbréngt.



No 8 Minutten hat Berbuerg eng geféierlech Aktioun no engem Korner. De Sebastian Ting féiert de Korner mam Daniel Contrino kuerz aus, de Sebastian Ting kritt de Ball rëm a bréngt eng schaarf Flank an de Strofraum, de Keeper léisst de Ball no vir oofprallen, ass awer séier genuch op den Been fir de Ball ze paaken éier e Berbuerger de Ball verwäerten kann.



An der 10. Minutt verléiert den Ibrahim Diop de Ball, de Suessemer Stiermer kann de Feeler awer net ausnotzen, mat sengem Schoss hat den Joé Reuter keng grouss Problemer.



An der 11. Minutt leit den Ball dann am Berbuerger Goal! Eis Jongen verléieren am Opbauspill de Ball, Suessem schalt schnell em sou dat de Ball mat 1-2 Päss beim Stiermer land, an dee kee Problem huet den 1-1 ze markéieren.



An der 18. Minutt haat Berbuerg no engem Korner direkt 2 mol Chance ze markéieren, mee de Ball ass schlussendlech knapp laanscht de lénkse Potto gaang.



No engem Korner an der 29. Minutt kann Suessem mat 2-1 a Féierung goen. De Ball gëtt beim Klärungsversuch ofgefälscht a land virun de Féiss vun engem Suessemer, an dësen hat keng Méi de Ball aus 5m am Goal ënner ze bréngen.



Et huet een gemierkt dat die Berbuerger net mat engem Réckstand wëllen an d'Paus goen, an die läscht 10 Minutten vun der éischter Halschent op den Ausgläich gespillt hunn. An der 38. Minutt huet den Pit Wagner mat engem Distanzschoss knapp verfeelt, an der 43. Minutt ass den Ahmed Boussi um Suessemer Keeper hänke bliwwen. Et huet bis zur 45. Minutt gedauert bis de Ball am Suessemer Goal louch, den Daniel Contrino léisst e puer Géigner stoen a spillt de Rayane Laouria am Strofraum un, dësen léisst séin Géigespiller aussteigen, a placéiert séin Schoss nieft dem rietsen Potto.



Domat ass et mat 2-2 an d’Paus gaang.



No der Paus ass den Match net méi sou richteg a Fahrt komm. Et goufen e puer kleng Chancen op béide Säiten. Op Berbuerger waren dat den Ibrahim Diop no Korner (47.), de Sebastian Ting an den Eric Galetto op Fräistouss (55. + 75.).



Die Suessemer haten 2-3 Geleeënheeten, déi jeeweils no individuelle Fehler vu Berbuerger Säit zu staan koumen.



An der 2. Halschent war bis zur 80. Minutt net esouvill passéiert, et war quasi „die Ruhe vor dem Sturm“, well wat d'Leit an de läschten 10 Minutten gebueden kruten war e Goalspektakel.



Et huet ee gemierkt dat eis Jongen zum Schluss hin onbedéngt die 3 Punkten wollten zu Berbuerg halen. Den Sebastian Ting huet an der 83. Minutt de Suessemer Keeper mat engem Opsätzer gepréift, dësen huet den Ball awer kennen an den Korner déviéieren.



An der 84. Minutt kritt Berbuerg dann en 11m zougesprach, dat no deem den Ibrahim Diop am Strofraum vu sengem Géigespiller emgerappt gouf. De Rayane Laouira trëtt un a markéiert den 3-2.



Eng Minutt méi spéit kennen sech dann déi Suessemer rëm freeën, well sie no engem Berbuerger Ofwierfehler zouschloen an den 3-3 markéieren.



An der 89. Minutt gëtt den Ahmed Boussi vum Manuel Kaufmann iwwer d'Säit geschéckt, dësen huet een Aa fir séin Matspiller, bréngt den Ball flaach virun den Goal, an den Rayane Laouira kann mat séngem 4. perséinleche Goal op 4-3 fir Berbuerg erhéijen.



Och wann elo jiddereen gemengt huet den Match wier elo gelaf, dem war net esou. Nëmmen 1 Minutt nom 4-3 konnten die Suessemer nachmol den Score egaliséieren, dat no dem Berbuerger Défense den Ball net aus dem Strofraum krut, an ee Suessemer Spiller de Ball an den laangen Eck zum 4-4 ragesat huet.



Kuerz drop war dann och Schluss an d’Punkten ginn tëscht den béiden Équipen gedeelt. Nom Match gesäit een de Berbuerger Spiller un dat sie net zefridden sinn mam Ausgang vum Match!



Do mussen sie sech awer selwer mat der eegener Nues huelen well se duerch etlech Nolässegkeeten dem Géigner ëmmer rëm d‘Méiglechkeet ginn hunn fir zum Ofschloss ze kommen an wourop och den een oder aneren Goal gefall ass.



E Sonndeg spillt Berbuerg um 16h00 doheem géint Bieles.