SENIORS 1: Derby géint den Tabelleleader


05 November 2017

FC Berdenia Berbourg - FC Jeunesse Junglinster 1-2

/

Am Derby war dese Weekend den Tabellenéischten vu Jonglenster op Besuch am Stade Renert. 



Vun Ufank un war et en ausgeglachene Match op Aaenhéicht. Sou ass et och déi eng oder aner Chance op béide Säite ginn ouni dass et awer geféierlech ginn ass. Lues a lues ass Jonglenster awer besser an de Match komm, virun allem mat méi Dynamik am Mettelfeld.



An der 17. Spillminutt geléngt et dem Géigner dann och eng Spilleröffnung iwwert déi riets Säit ze maachen wourops hinn eng Flank an d´Mett kennt an de Stiermer ganz alleng stoend zum 1-0 annetzen kann.



No ronn 30 Minutten gett e Befreiungsschlag vum Manuel Kaufmann zu enger Grousschance fir eis Faarwen. Den Ahmed Boussi profitéiert vun engem Stoppfehler an der Ofwier a geet alleng op de Goal. De Keeper kann säin Schoss aus spatzem Wénkel awer an de Korner ofwieren. Och dee kennt gutt op de laange Potto a kann allt rem vum Lenster Keeper paröiert ginn.



Kuerz drop profitéiert den Ahmed Boussi scho rem vun engem Ofwierfehler a kann iwwert déi lénks Säit bis op d'Linn zéihen. Hien bréngt eng schéin Flank op de laange Potto wou den David Schuster ganz fräi steet. Hien kann des 100%eg Chance awer net notzen a käppt aus kuerzer Distanz niewt de Goal.



An der 35. Minutt geet de Charel Weidert op 20 Meter an en Zweekampf deen vum Arbitter als Fehler um Lenster Spiller gewert gett. De Fräistouss gett direkt ausgefouert a geet gutt platzéiert op de Goal, mee de Sam Faber mecht sech gaanz laang a kann de Ball aus dem Eck feschen.



Direkt am Géigenzuch rem e laang Ball an d´Spetzt wou den Rayane Laouira sech duerchsetze kann an de Ball iwwer de rausgelafene Keeper lupft. Leider tupt de Ball just virum eidele Goal op a spréngt iwwert d'Laat.



Rem eng Minutt méi speit dann en Opreeger op der aanerer Säit wéi Jonglesnter aus kuerzer Distanz d'Laat trefft.



Direkt no der Halschent geet Jonglenster mat 2-0 a Féirung. Eng Aktioun iwwer eis riets Säit, wou de Stiermer an der Mett ugespillt gett a sech duerchsezte an zum 2-0 erasetzen kann.



Duerno gett de Match engem Derby dann gerecht mat méi bessegen Szenen a vill rop a rof ouni grésser Chancen.



An der 65. Minutt mecht de Pit Wagner e schéine Säitewiessel vun hannen eraus op den Ahmed Boussi. Deen geet säitlech an 16er a bréngt eng Flank op den zweete Potto wou den agewiesselten Eric Galetto mam Kapp op 2-1 verkierzt.



Duerno flaacht de Match bessen of, no engem intensiven Ufank vun der zweeter Halschent ass an der Schlussphase d'Loft raus. Zwar versicht Jonglenster nach de Sak zouzemaachen a Berbuerg de Punkt ze retten, mee béide Formatiounen geléngt näischt Nenneswertes méi. sou dass et beim 2-1 fir den Tabelleleader bleift.



Equipe: Sam Faber, Daniel Benner, Charel Weidert, Manuel Kaufmann, Suvad Spahic, Marc Mees, Pit Wagner, Sebastian Ting, Ahmed Boussi, David Schuster, Rayane Laouira



Reserve: Joé Reuter, Chris Sauber, Danny Leconte, Daniel Contrino, Eric Galetto



Fotoen: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2630