SENIORS 1: Berbourg schléit Schëffléng


26 March 2018

FC Berdenia Berbourg - FC 95 Schifflange 2-0
-
Nom 0-1 Auswäertserfolleg läschte Mëttwoch am Pafendall (Goal vum Eric Galetto), konnt Berbourg sech um Sonndeg och géint Scheffleng duerchsetzen an domat an nëmmen e puer Deeg wichteg 6 Punkten sammelen.
Géint Schëffléng kënnt déi Berbuerger Equipe gutt an de Match a gräift direkt un. An der 10. Minutt rabbelt et dann och schon zu eise Gonschten. De Rayane Laouira gëtt dem Achmed Boussi de Ball op riets raus, deen geet an de 16er a setzt sech do géint 2-3 Géigner duerch a kann de Ball am Goal ennerbréngen. Nom 1-0 zéiht Berbourg sech allerdéngs bessen zréck sou dass Schëffléng e bessen méi Drock kann opbauen. Déi giel-gréng Kombinatiounen kommen awer nëmme seelen bis virun eise Goal. Berbuerg huet zu dësem Zäitpunkt manner Spillundeeler mee déi besser Chancen, allerdéngs keng honnertprozenteg. Lues a lues ka Berbourg awer rëm d'Iwwerhand gewannen. An der 34. Minutt bleift e Fräistouss vum Sebastian Ting aus aussiichtsräicher Positioun an der Mauer hänken. 5 Minutten méi speit, setzen den Achmed Boussi an den Dany Leconte gutt no, den Dany Leconte stecht de Ball perfekt duerch d'Ofwier op de Rayane Laouira, mee de Keeper ass op der Plaz a kann paréieren.

Déi zweet Halschent kënnt Berbourg och rem direkt gutt aus der Kabinn. Zwou Minutte gespillt, laange Ball lénks raus op den Eric Galetto, deen geet duerch a leet de Ball queesch virun de Goal wou um zweete Potto den Achemd Boussi mat engem stramme Schoss de Ball knapp iwwert d'Laat setzt. Am Uschloss ginn et e puer Aktiounen op beide Säiten, mat harmlosen Ofschlëss. Bei Schëffléng leeft lo net méi vill. Berbourg verwalt de Match elo a kann nach mat e puer Aktiounen geféierlech ginn. Sou fällt dann och an der 57. de verdéngten 2-0 duerch de Rayane Laouira. No engem Korner kennt de Ball iwwer e puer Statiounen op eise Stiermer deen de Ball mat vill Gefill am Fouss iwwert de Keeper an de laangen Eck hiewt. No weideren Korneren ass de Rayane Laouira nach e puer mol op der Plaz, kann de Ball awer net platzéiert genuch op de Goal bréngen. An der 70. Minutt erkämpft sech den agewiesselten Yves Dahm de Ball op der rietser Säit, flankt an d'Mëtt, wou et ze laang dauert bis mer zum Ofschloss kommen an den Ibrahim Diop schliesslech vun e puer Meter virum Goal just d'Fangnetz trëfft. E puer Minutten drop kënnt och den réicht agewiesselten Daniel Contrino direkt zu enger gudder Aktioun wéi hien um Wee fir op de Goal ass, sech d'Liewen un der Strofraumgrenz allerdéngs selwer ze schwéier mecht an den Ofschloss e gudd Stéck laanscht de Goal geet.

Sou bleift et beim 2-0 fir Berbourg, fussballeresch war de Match net um allerhéchsten Niveau. Berbourg war déi besser Equipe mat de meeschte Chancen géint eng schwaach Schëfflenger Equipe, déi mir lo op 7 Punkten distanzéiert hunn. Elo ass awer mol eng kleng Paus no den ustrengenden englesche Wochen. Mëttwochs no den Ouschteren geet et dann weider mam Nohuelmatch géint Beggen.

Equipe: Joé Reuter, Manuel Kaufmann, Leandro Lopes, Chris Sauber Charel Weidert, Ibrahim Diop, Eric Galetto (80. Jaspar Göpel), Sebastian Ting, Dany Leconte (55. Yves Dahm), Achmed Boussi (73. Daniel Contrino), Rayane Laouira
Reserve: Bob Schrantz, Daniel Contrino, Yves Dahm, Mohammed Alizadeh, Jaspar Goepel

Fotogalerie: FC Berdenia Berbourg - FC Schifflange 95