SENIORS 1 : Berbourg gewënnt souverän zu Beggen

Equipe_Filter



18 September 2017

FC Avenir Beggen - FC Berdenia Berbourg 0-4



/



E schéine Sonndeg konnten déi Berbuerger zu Beggen am Stade Henri Dunant genéissen. Bei sonnegem Wieder haten déi Berbuerger niewend an och um Terrain d’Iwwerhand.



Vun der éischter Minutt un waren déi Orange spillbestëmmend. Mat méi Ballbesëtz an e puer schéine Kombinatiounen ass et an der Ufanksphase awer nach nët duer gaangen fir sech Chancen virum Beggener Goal erauszespillen. Am Géigendeel: et waren d’Haushären déi trotz manner Spillundeeler an dank Berbuerger Mathëllef zu där eng oder aanerer Goalchance komm sinn. Wéi zum Beispill an der 11. Minutt wou de Ball onglécklech an déi falsch Richtung geklärt gëtt an domat de Wee op de Goal fir de géigneresche Stiermer fräi ass, de Goal aus kuerzer Distanz awer verfehlt.



An der 16. Minutt kann Beggen dann den éischte Goal vum Match markéieren, deen awer vum Arbittertrio wéinst Abseits net unerkannt gouf. Weider 0-0 also. Op der selweschter Säit gouf et an der 22. Minutt nach e stramme Schoss aus gutt 20m riicht op de Joé Reuter, deen de Ball mat enger gudder Reaktioun entschärfen kann.



An der 26. Minutt rabbelt et dann awer op der aanerer Säit. Goal duerch den Dany Leconte deen vun enger Flank vum Eric Galetto an engem Mëssvertständnis tëscht dem Keeper an dem Verteideger profitéiert a sou kann um zweete Potto ouni Problem zum 1-0 erakäppen.



Op Berbuerger Säit ass lo méi heefeg mat geféierlechen Aktiounen ze rechnen. Sou och an der 37. Minutt wou den Ahmed Boussi e schéinen Dribbling Richtung Strofraum usetzt, genau am richtege Moment eng Pass duerch d’Ofwier op den Rayane Laouira spillt, deen dës Chance och notzt an op 2-0 erhéicht.



Just virun der Halbzeit gëtt den Ahmed Boussi mat engem laange Ball op de Goal geschéckt, danzt e Verteideger an de Keeper aus a kann zum 3-0 erasetzen. Zum Erstaunen vun alle Berbuerger léisst den Arbitter dee Goal awer net zielen well de Goalgetter anscheinend schon knapp hannert der Mëttellinn am Abseits stoung.



Nom Téi daat selwescht Bild mat enger kloer spillbestemmenden Berbuerger Equipe. An der 56. Minutt, setzt de Sebastian Ting sech mol op lénks duerch, de Keeper kann de Schoss awer paréieren.



Berbuerg ass däitlech besser am Match a kann sech am Mëttelfeld emmer rëm behaapten an eng Reih gutt Kombinatiounen spillen. Als éischt huet awer Beggen an der 68. Minutt eng Chance wou e Volleyschoss vun halleflénks laanscht de laange Potto geet.



No der Awiesslung vum Ibrahim Diop a vum Daniel Contrino ass nach emol frësche Wand an d’Spill komm. An der 74. Minutt gëtt dann e Konter iwwer lénks gefuer wou den Daniel Contrino sech duerchsetze kann a virum Goal op den Ahmed Boussi riwwerleet wou deen fräi steet an op 3-0 erhéiche kann. An der 80. Minutt belount de Daniel Contrino sech dann selwer mat engem wonnerbare Lob iwwert de Keeper a suergt fir de 4-0 Endstand.



Alles an allem eng verdéngten Victoire fir eng Berbuerger Equipe déi sech nom desolaten Out an der Coupe zu Bettembourg däitlech gesteigert huet, am Géigesaatz zu enger schwaacher Beggener Equipe déi nom Ofstieg aus der Éirepromotioun nach net sou richteg an der éischter Divisioun ukomm ass.



Nächste Sonndeg ass kee Fussball fir eis éischt Equipe, de Match géint CS Sanem gëtt Donnestes den 28. September um 20h00 am Stade Renert zu Berbourg gespillt. Mëttwochs de 27. September ass d’Generalversammlung wou all d’Memberen vum Veräin häerzlech invitéiert sinn (20h30 am Beaurepaire).



Equipe: Joé Reuter, Marc Mees, Charel Weidert, Suvad Spahic, Michael Blau, Pit Wagner, Eric Galetto (69. Daniel Contrino), Ahmed Boussi, Dany Leconte (66. Ibrahim Diop), Sebastian Ting, Rayane Laouira



Reserve : Sam Faber, Daniel Benner, Daniel Contrino, Ibrahim Diop, Jaspar Göpel



Fotoen: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2484