SENIORS 1: Asaz gëtt mat 3 Punkten belount


16 October 2017

FC Schifflange 95 - FC Berdenia Berbourg 2-3

/

Um 7. Spilldaag hunn eis Jongen missen zu Scheffleng untrieden, wou mer dei lescht zwou Saison'en verluer haaten



De Match war an den éischte 15 Minutten ganz vill vun Taktik geprägt, keng Equipe wollt den éischte Schrëtt maachen! Et huet een d’Nervositéit op beiden Säiten an dësem wichtege Match gemierkt.



Et war dann an der 23. Minutt déi éischt Chance vum Match, an daat fir d’Haushären! Eis Ofwier krut de Ball net dégageiert, mee de Schefflenger Stiermer verzitt aus gudder Positioun knapp dolaanscht.



No 27 Minutten haaten dann dei Berbuerger den éischten Goal vum Match op Korner markéiert, kruten deen awer wéinst Handspill oferkannt.



An der 32. Minutt ass den Dany Leconte scho laanscht de Keeper a kritt de Ball just éiert e konnt rasetzen, vum Ofwierspiller ofgeholl.



Et huet dann weider 10 Minuten gedauert bis mer dei nächst Chance haaten! Den Daniel Contrino zéiht vun der lenker Sait ran, ass do ronn 25 Meter virum Goal gefoult gin!



De platzeierten Fraistouss vum Sebastian Ting ass net ze haalen an domat ass Berbuerg an der 42. Minutt mat 1-0 an Féirung gaang.



An der zweeter Halschent konnte mer baal op 2-0 erhéigen, mee dem Sebastian Ting säi Schoss op Zouspill vum Daniel Contrino geet knapp dolaanscht.



An der 60. Spillminutt spillt Scheffleng en laange Ball no vir, de Stiermer steet net Abseits well een vun eisen Verteideger net mat Zaiten rausgereckelt ass, an desen kann dann glécklech am eent-géint-eent geint de Sam Faber erasetzen! Domat ass den Score egaliseiert.



No engem Keeperfeeler op Schefllenger Sait geet Berbuerg awer an der 63. Minutt rem mat 2-1 an Feirung! De Fraistouss vum Sebastian Ting aus 40 Meter leet de Kepper sech quasi selwer an de Filet.



Och dee Virsprong konnte mer net laang haalen, well mer an der 73. duerch e kloren Foulelefmeter den 2-2 kasseiert hun!



An der läschter Véirelsstonn waren dann Chancen op deenen 2 Säiten, mee et waren déi Berbuerger dei de läschten Goal vum Daag konnten markeiren



Ofstouss vum Sam Faber op de Rayane Laouira, deen verlängert mam Kapp op den David Schuster! Desen kann sech am Laafduell duerchsetzen an äiskaal mam lenken Fouss den 3-2 markeieren.



Duerno loossen d’Jongen naicht mei ubrennen a gewannen verdéngt zu Scheffleng mat 3-2.



Equipe:

Sam Faber, Daniel Benner, Marc Mees, Charel Weidert, Eric Galetto, Pit Wagner, Sebastian Ting, Dany Leconte, Daniel Contrino, Suvad Spahic, Rayane Laouira



Reserve: Joé Reuter, Chris Sauber, David Schuster, Yves Dahm, Manuel Kaufmann