Saisonfinal bei de Seniors


20 May 2018

Mam 0-0 géint AS Luxembourg Porto am läschte Championnatsmatch geet d'Saison op en Enn. Ennert der Woch war de schwaache Match géint Pafendall mat 2-4 verluer gaangen sou dass Berbourg schlussendlech op der 9. Plaz mat 31 Punkten ofschléisst. 
 
Virum läschte Match doheem am Stade Renert sinn och nach eng Reih Spiller verabschied ginn. De Serge Hoscheid huet no 10 Joer FC Berdenia seng Fussballsschong definitiv un den Nol gehaang. Och de Manuel Kaufmann trett aus private Grenn aus der 1. Equipe zréck. Desweideren verléisst eis och de Rayane Laouira, eisen Topscorer mat 20 Goaler, deen bei den Opsteiger Jonglënster wiesselt.
 
Apropos Op- an Ofsteiger: vun eise Partnerverainer an der Jugend wäerte mir den CS Grevenmacher dat nächst Joer am Derby zu Berbuerg empfänke kënnen, nodeems sie de batteren Ofstieg aus der Eirepromotioun hu missen a Kaf huelen. Op den FC Jeunesse Biwer wäerte mer einstweilen leider net méi am 'Mutter aller Derbys' openeengtreffen, fir sie geet et lo trauregerweis an déi 2. Divisioun erof.
 
Bei de Seniors 2 ass et fir Berbourg dei gutt Nouvelle dass d'Jongen zesummen d'Keier kritt hun an d'Klass konnten halen. No laange Wochen am Tabellekeller konnten Sie um Enn suguer nach déi 7. Plaz erreechen.
 
Mir wenschen jidderengem eng flott Summerpaus, an hoffen eis virun der Vakanzenzait nach den 8. an 9. Juni op eisem groussen Kings of Penalty - 10 years gold edtition - ze gesinn.