Offiziell Trikotiwwerreechung


25 February 2018

Och wann um Sonndeg kee Championnat war, ass ee beim FC Berdenia net inaktiv gewiescht. De Veräin hat séng Trikot- an Equipmentsponsoren op déi offiziell Trikotiwwerreechung agelueden.

An enger gemittlecher a frendschaftlecher Atmosphär ass et eppes Gudds beim Café beim Beichtstull ziesse ginn an zum Ofschloss ass jeweils een Exemplar vun eise fuschneien Trikoten un eis 6 Trikot- an Equipmentsponsoren iwwerreecht ginn:

Electricité générale Wampach Pierre (Berbourg / Junglinster)
Agence immobilière Toussaint Abby (Mersch / Ettelbrück)
Fliesenfachgeschäft Wagner (Echternach)
REWE:XL Hundertmark (Echternach)
EGlux (Roodt-Syre)
Sport Giese (Prüm)

Mir soen all eise Partner en décke Merci fir hier Ennerstetzung.