KEEP CALM - IT'S DERBY TIME

team+sponsors



01 September 2017

Dëse Weekend stinn zwee Derby'en um Programm fir eis Equipen.



Seniors 1 : FC Berdenia Berbourg – FC Jeunesse Biwer (Sonndeg 03/09, 16h00)

Fir den éischten Heemmatch vun der Saison geet et fir eis Berbuerger Bären direkt géint d’Biwerbouwen. Um 15h00 ginn d’Diren vum Stade Renert op. Et gëtt Guddes vum Grill, Fritten an e speziellen Biwerbouwendrink. Um Terrain kréien eis Noperen allerdéngs keng Extrawurscht gebroden, d’Bären hun déi 3 Punkten fest am Bléck.





Seniors 2: CS Grevenmacher II – FC Berdenia Berbourg II (Dënsdeg 05/09, 19h30)

D’zweet Equipe spillt hiren Derby net wéi gewinnt um Freideg Owend, mee réicht e puer Deeg méi spéit. De Match gëtt en Dënsdeg um 19h30 op Flohr ugepaff.